Timocharis vun Alexandria

Vu Wikipedia

Den Timocharis vun Alexandria gebuer ëm 320 v. Chr. a gestuerwen 260 v. Chr. war e griicheschen Astronom a Philosoph. Hien ass méiglecherweis zu Alexandria gebuer a war en Zäitgenosse vum Euklid vun Alexandria.

Ongeféier 320 v. Chr. erstellt hien zesumme mam Aristyllos vu Samos, den éischte Stärekatalog. Iwwer 150 Joer méi spéit vergläicht den Hipparchos vun Nicäa säin eegene Stärekatalog mat deem vum Timocharis an entdeckt, datt déi geographesch Längt vun de Stäre sech iwwer d'Zäit verännert hunn, wat hien zou der Bestëmmung vum éischte Wäert vun der Prezessioun vun den Equinoxen gefouert huet.

Als éischte bekannten Astronom huet hien Opzeechnunge vu senge Beobachtungen iwwer de Merkur gemaach.

Dem Timocharis zu Éieren ass e Moundkrater no him benannt ginn.