Timothy Garton Ash

Vu Wikipedia
Timothy Garton Ash
Pseudonym Edward Marston
Gebuer 12. Juli 1955
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Exeter College,
Sherborne School
Aktivitéit Journalist, Historiker, Schrëftsteller, Essayist, Publizist, Universitéitsprofesser
Member vun Berlin-Brandenburgische Akademie der Wissenschaften, Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Royal Historical Society, Royal Society of Literature

Den Timothy Garton Ash, gebuer den 12. Juli 1955 ass e britteschen Historiker, Journalist a politesche Kommentator. Zu de Schwéierpunkte vu senger akadeemescher Fuerschung zielen d'zäitgenëssesch Geschicht vun Zentral- an Osteuropa, souwéi d'Roll an d'Transformatioun vu villen osteuropäesche Staaten am Kader vun der europäescher Integratioun respektiv hirer Opnam an d'Europäesch Union nom Zesummefall vu kommunistesche Regimmer am fréieren Ostblock.

Studium[änneren | Quelltext änneren]

Den Timothy Ash goung als Bouf op d'Sherborne School an der Südwest-englescher Grofschaft Dorset. Duerno huet hien en Undergraduate-Studium um Exter College vun der Universitéit vun Oxford a moderner Geschicht absolvéiert, ier hien dann seng Postgraduate studies um St. Anhony's College vun der selwechter Universitéit mat exzellenten Notten ofgeschloss huet. Scho wärend sengem Studium huet den Timothy Ash sech ganz besonnesch fir d'Geschicht vum däitschsproochege Raum intresséiert, wat net zulescht och op seng grouss Begeeschterung fir d'Bicher vum Thomas Mann zeréckzeféieren ass.[1] Wéinst sengem perséinlechen Intressi un Däitschland goung hien dofir schliisslech am Joer 1978 op West-Berlin, fir do op der Freien Universität Berlin Nofuerschunge fir seng geplangt Dokteraarbecht iwwer d'Nazien zu Berlin ze maachen. Op Grond vun der Erfarung, datt hie bei Reesen op Ostberlin dacks op der Humboldt-Universität keen Zougang zu zouenen Archiven krut an als Student, souwéi spéider och als Journalist, ënner offizieller Iwwerwaachung vun der Stasi stoung, huet hie schliisslech ugefaange sech méi konkreet Gedanken doriwwer ze maachen, wéi Mënsche sech am Allgemengen an Diktature verhalen. D'Faszinatioun un dësem Sujet louch fir hie virun allem an der Tatsaach datt et him duerch säin Openthalt zu Berlin méiglech war sech quasi an Echtzäit mat de schwieregen Decisiounen ze befaassen, déi Mënschen a sou Fäll tëscht Resistenz a Kollaboratioun mam politesche Regimm ze treffen hunn.[2] Seng ausféierlech Beschäftegung mat deem Theema huet hien da schliisslech dozou bruecht, de Schwéierpunkt vu senger Dokteraarbecht op déi Fro ze verlageren, notamment mat staarkem Bezuch zu aktuelle Praktiken am vun der SED geféierten DDR-Staat. Déi doraus resultéierend Aarbecht war sou den Ausgangspunkt vu senger spéiderer an intensiver Fuerschung iwwer osteuropäesch Staaten ënner kommunistesche Regierungen.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Journalismus[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ofschloss vu sengem Studium ass den Timothy Garton Ash opgrond vu sengem perséinlechen Interessi fir déi Regioun weiderhin duerch eng sëllegen osteuropäesch Länner gereest. Am Kader vu sengen intensiven a wäitleefege Fuerschungsreesen huet hie sech besonnesch mam interne politeschen an ideologesche Wandel vu kommunistesche Staaten an Osteuropa wärend den 1980er Jore beschäftegt, woubäi hie virun allem hir graduell Emanzipatioun vum sowjetesch markéierte Kommunismus am Detail analyséiert a kommentéiert huet. Opgrond vu senge perséinlechen Erfarunge souwéi senge Kenntnesser iwwer d'Geschicht, d'Mentalitéiten an d'sozial Strukture vun osteuropäesche Länner an Vëlker krut hie schliisslech d'Geleeënheet, seng Impressiounen als Auslands-Korrespondent vun enger Rëtsch renomméierter Dageszeitungen a Fachzäitschrëften un d'Ëffentlechkeet ze bréngen. Wärend ville Joren huet hien ënner anerem journalistesch Bäiträg fir déi brittesch Zeitung The Spectator, vun där hie Foreign Editor war, geschriwwen, souwéi och reegelméisseg Artikele fir The Independent an The Times. Zousätzlech huet hien och ëmmer erëm an der New York Review of Books publizéiert; zanter 2004 huet hien ausserdeem och eng wöchentlech Kolumn am brittesche The Guardian.[3]

Duerch seng wäitleefeg journalistesch Reesen an Reportagen war et dem Timothy Garton Ash leschten Enns ëmmer nees méiglech, historesch Evenementer an Entwécklungen méi oder wéineger intensiv an hautno mat z'erliewen, an engem gewësse Sënn also souzesoen „as it happened.“ Deementspriechend war hien, wann och net als aktive Matkämpfer, sou dach awer als passive Observateur, méi wéi eemol matzen am Zentrum vu Streikbeweegungen, déi Ufank den 1980er Joer vun der polnescher Solidarnosc-Beweegung organiséiert goufen, a konnt weiderhin opgrond vu perséinlechen Impressiounen an Erfarungen och quasi aus éischter Hand en detailléierten Androck vun de politeschen a sozialen Ëmwelzunge wärend de „friddleche“ Revolutiounen am Joer 1989 an zentral- an osteuropäesche Stied wéi Budapest, Warschau, Prag (Samette Revolutioun) an natierlech och Berlin ginn. An obwuel hie sech trotz allem primär als Historiker gesäit, sou betount den Timothy Garton Ash gläichzäiteg awer och, datt seng berufflech Aktivitéiten – virun allem wéinst hirer heefeger Abannung a weltgeschichtlech Evenementer – leschten Enns och eng Aart Schnëttstell tëscht modernem Journalismus an zäitgenëssescher Geschichtsfuerschung duerstellen, souzesoen eng Verschmëlzung vun aktuellen Tatsaachenberichter an historesch bedéngten Entwécklungen, déi hie sou dann nodréiglech och ëmmer nees a verschiddene Monographië festzehalen, respektiv opzeschaffe versicht.[4]

Akadeemesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Seng éischt akadeemesch Ustellung krut den Timothy Garton Ash 1986 als Professer um Woodrow Wilson International Center for Scholars zu Washington D.C. Schonn am Joer 1990 goung hien awer zeréck op seng Alma Mater zu Oxford, wou him eng Professur um St. Antony's College ugebuede gouf. Vun 2001-2006 war hien dann zu Oxford Direkter vum European Studies Centre; an 2006 gouf en Isaiah Berlin Professional Fellow zu Oxford.[5] Nieft Oxford, wou hie gefuerscht an enseignéiert huet, huet den Ash sech awer och ëmmer nees bei anere renomméierte Universitéiten duerch d'ganz Welt engagéiert, z. B. vun 2000 un als Senior Fellow of the Hoover Institution op der amerikanescher Standford University.[6] Donieft ass hien och Member a reegelméissege Gaaschtlieser vun enger ganzer Rei vun international bekannten Akademien a Fuerschungsinstituter, ënner anerem vun der British Royal Historical Society, der Royal Society of Literature wéi och vun der Berlin-Brandenburgischen Akademie der Wissenschaften.[5]

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Zentral- an osteuropäesch Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den akadeemesche Schwéierpunkt vum Timothy Garton Ash senger Fuerschung läit ganz kloer op der zäitgenëssescher, europäescher Geschicht nom Zweete Weltkrich, besonnesch op de laangwieregen a fundamentalen Transformatiounsprozeser vu villen osteuropäesche Staaten wärend deene leschte Joerzéngten. Dobäi huet hie sech an enger éischter Phas virun allem mat den internen, sozial-politesche Strukturverännerungen a schrëttweisen Denkëmschwéng vun osteuropäesche Gesellschaften ënner kommunistesch geféierte Regierunge beschäftegt, notamment mat hirer intellektueller Liberatioun an Emanzipatioun vum sowjetesche Kommunismus. Nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun huet hie sech dunn an éischter Linn dem Rapprochement vu ville eemolegen Ostblock-Staaten un e gréissert a vereent Europa gewidmet, am konkreeten also dem Prozess vun der europäescher Integratioun an dem laangen a beschwéierleche Wee, deen dës Staate bis zur hirer Opnam an d'Europäesch Unioun hu missen zeréckleeën.

Däitsch Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Opgrond vu sengem fréien Intressi un Däitschland huet den Timothy Garton Ash sech awer och intensiv mat der Geschicht vum däitschsproochege Raum ausernanergesat, woubäi hie virun allem d'Ostpolitik vun der Bundesrepublik Däitschland mäi genee analyséiert a sech och ausféierlech mam däitsche Vereenegungsprozess no 1990 beschäftegt huet.

Stasi-Akten[änneren | Quelltext änneren]

No der däitscher Wiedervereenegung huet den Timothy Garton Ash sech bei engem weideren Openthalt zu Berlin der Geschichtsfuerschung mat enger éischter ongewinnter Approche gewidmet, nämlech andeems hie sech intensiv mat den Informatiounen aus dem Fichier befaasst huet, den d'Stasi wärend senger Studienzäit ännert dem Codenumm „Romeo“ iwwer hien ugeluecht an de Jore duerno ëmmer nees am Kader vun Iwwerwaachungsmesuren aktualiséiert hat.[7] Fir den Timothy Ash war et dobäi besonnesch interessant, säi Liewen duerch d'Aen an d'Perspektiv vun anere Leit nach enge Kéier Revue passéieren ze loossen. Deementspriechend war et och e perséinlech Uleies vum him, sech mat deene Leit a Kontakt ze setzen, déi als Informant fir d'Stasi Noten iwwer säin Alldeegleche geholl hunn an hien dobäi ouni säi Wëssen op Schratt an Tratt duerch Ostberlin verfollegt haten. Dës speziell Erfarung huet et dem Timothy Ash virun allem och erméiglecht, sech quasi aus eeschener Hand mat der schwiereger a komplizéierter Dialektik vun historeschen Tatsaachen a perséinlechen Erënnerungen ausenanerzesetzen, net zulescht wëll hien doduerch eventuell och méiglech Diskrepanzen tëscht der historescher Realitéit, wéi hie se selwer an Erënnerung hat, an der offizieller Dokumentatioun vun de Stasi-Beamten iwwer säin Liewen konnt opdecken.[8]

Eng weider wichteg Erkenntnis, déi him wärend sengen Recherchen an de Stasi-Akten lues awer sécher ëmmer méi bewosst gouf an déi doriwwer eraus grad och am Hibléck op déi fir en Historiker sou wichteg wëssenschaftlech Objektivitéit am Ëmgang mat historeschen Evenementer an Entwécklunge vu Bedeitung ass, betrëfft d'Tatsaach, datt den Timothy Garton Ash am Kader vu sengen eegenen Nofuerschungen an Interviewe mat fréiere Stasi-Beamten am Fong geholl keng Confirmatioun fonnt huet fir dat an der Ëffentlechkeet heefeg verbreet Bild vum „béise“ Stasi-Agent. Ganz am Géigendeel huet d'Ausenanersetzung mat dësem Theema him vill éischter déi mënschlech Säit vun dësem historesche Sujet gewisen, méi konkreet d'Realisatioun datt och d'Handlunge vun deene meeschte Stasi-Agenten dach eigentlech méi Ausdrock vu mënschlecher Schwächt a Selbsttäuschung ënner schwierege sozialen a politesche Verhältnesser waren, wéi eng ugebueren oder muttwëlleg Predispositioun zur „Béisaartegkeet.“ Deementspriechend hu seng perséinlech Erfarungen an deem Kontext et dem Timothy Garton Ash erméiglecht eng méi nuancéiert Vue op'd Liewen an d'Handlunge vu Mënschen a verschiddene Gesellschafte sou wéi ënner alles anescht wéi einfache Konditiounen ze formen, soudatt hie letztendlech och dofir plädéiert, d'Mënschen am Allgemengen net fir eppes ofzestempelen oder ze verurteele wat mir selwer als objektiv Aussestehenden ni selwer hu misse matmaachen, ëm sou méi well mir letztendlech jo iwwerhaapt guer net wësse kennen, wéi mir an hirer Plaz gehandelt hätten.[9]

Nieft villen aneren Aarbechte vum Timothy Garton Ash war et besonnesch seng ausféierlech Ausenanersetzung mat dësem konkreeten Theema, déi an der Fachwelt op groussen Uklang gestouss ass, notamment well et him duerch seng speziell Approche a Form vun enger Mëschung aus akribesche Recherchen an den Archiven a Kombinatioun mat enger subjektiver Veraarbechtung vu senger eegener Vergaangenheet gelongen ass, e méi differenzéiert an nuancéiert d'Bild vun de Machenschaften a Mentalitéite vun eenzele Stasi-Beamten z'entwerfen wéi dat wat dacks an offiziellen oder ëffentlechen Discourse presentéiert gouf. An och wa seng autobiographesch Reflektiounen zu dësem Sujet sécherlech net sou eng ëmfaassend a komplett Beschreiwung respektiv Analys vun der DDR-Gesellschaft bidden wéi dat beispillsweis an aneren Monografien, notamment der Anna Funder hirem "Stasiland"[10] de Fall ass, sou hunn d'Kritiker dann awer virun allem ëmmer nees grad den aussergewéinlech perséinlechen an ongewinnt realisteschen Abléck hanner d'Kulissen, speziell wat d'Motivatioun an d'Denkweise vun eenzele Stasi-Beamte betrëfft, beim Timothy Ash sengen Nofuerschungen ervirgehuewen an dës dann och deementspriechend als e wichtege an interessante Bäitrag zu dësem nach relativ rezenten historiographesche Fuerschungsgebiet bezeechent.[11],[12]

Globaliséierungs- an Volleksgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dem Timothy Ash säin Fuerschungsinteressi huet sech allerdéngs ni ausschliisslech nëmmen op e geschlossene, grouss-europäesche Raum konzentréiert, mä hien huet och ëmmer nees D'Evolutioun vun de Relatioune vun der Europäescher Unioun mat hiren ausser-europäesche Partner, wéi z. B. mat der Volleksrepublik China an de Vereenegte Staate vun Amerika, ënnersicht.[6] Méi rezent huet hie sech an dësem Kontext dofir och widderhuelt mat Froestellungen a Problemer virum Hannergrond vu wirtschaftlechen a politesche Globaliséierungsprozesser beschäftegt, woubäi hien allgemeng der fester Iwwerzeegung ass, datt weeder d'Vereenegt Staaten op laang Siicht wäerten am Stand sinn sech aktuelle wirtschaftlechen an geo-politesche Problemer op der Welt eleng unzehuelen, nach datt Europa senge villfältege Ambitioune wäert nokomme kënnen, ouni sech nach mäi intensiv an enger gréisserer, transatlantescher Communautéit z'engagéieren an dobäi virun allem duerch eng nach méi staark op multilateral Kooperatioun ausgeriicht Politik mat sengen internationale Partner och versicht, sech méi konkreet mat akuten Noutstänn an der drëtter Welt sou wéi mat nach ëmmer net geléiste Froen am noen Osten ausenanerzesetzen. An deem Zesummenhang keent den Timothy Garton Ash, baseierend op der kritescher Analys an Interpretatioun vu verschiddenaartege, zäitgenëssesche Quellen wéi Meenungsëmfroen an Interviewe mat politesche Feier sou wéi sengen eegenen Andréck an Erfarungen am Kader vu wäitleefege Fuerschungsreesen duerch d'ganz Welt, zum Schluss, datt sech der globaler Weltgemeinschaft trotz vereenzelte politesche Krisen a wirtschaftlech onbestännegen Zäite gläichzäiteg och eng eemoleg historesch Chance biet fir nom Enn vun enger gedeelter Welt opgrond vum Kale Krich zesummen zu enger neier internationaler Uerdnung vun universellem Fridden a Fräiheet z'avancéieren.[13]

Donieft huet den Timothy Ash seng Fuerschungen awer net nëmmen op d'Ënnersiche vu soziale Gesellschaftsstrukturen a politesche Verännerungen begrenzt, mä hien huet sech doriwwer eraus och mat de Formen vu kollektive Mentalitéiten a Liewensastellunge vun ënnerschiddleche Bevëlkerunge virum Hannergrond vu verschiddene Epochen an Gesellschaftsmodeller ausernanergesat. Opbauend op senger Dokteraarbecht huet hien an dësem Zesummenhang ë. a. d'Liewe vu Leit ënner diktatoresche Regimmer ënnersicht, sech mam Afloss vun Intellektuellen op déi national Politikgestaltung beschäftegt souwéi schliisslech och mat der Fro, wéi Gesellschaften am Allgemengen mat enger beweegter a schwiereger Vergaangenheet ëmginn.[14] Deemenstspriechend louch de Fokus vu senge rezenten Aarbechten da virun allem och op der historescher Erfuerschung vu verschiddene Formen vun ziviller a gewaltfräier Resistenz géint Ënnerdréckung a sozial Ongerechtegkeeten an ënnerschiddleche Gesellschaften zanter dem Zweete Weltkrich.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Und Willst Du Nicht Mein Bruder Sein...Die DDR Heute (Rowohlt, 1981) ISBN 3-499-33015-6
  • The Polish Revolution: Solidarity, 1980–82 (Scribner, 1984) ISBN 0-684-18114-2
  • The Uses of Adversity: Essays on the Fate of Central Europe (Random House, 1989) ISBN 0-394-57573-3
  • The Magic Lantern: The Revolution of 1989 Witnessed in Warsaw, Budapest, Berlin, and Prague (Random House, 1990) ISBN 0-394-58884-3
  • In Europe's Name: Germany and the Divided Continent (Random House, 1993) ISBN 0-394-55711-5
  • The File: A Personal History (Random House, 1997) ISBN 0-679-45574-4
  • History of the Present: Essays, Sketches, and Dispatches from Europe in the 1990s (Allen Lane, 1999) ISBN 0-7139-9323-5
  • Free World: America, Europe, and the Surprising Future of the West (Random House, 2004) ISBN 1-4000-6219-5
  • Facts are Subversive: Political Writing from a Decade without a Name (Atlantic Books, 2009) ISBN 1848870892

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Timothy Garton Ash Interview: 'Conversations with History'. http://conversations.berkeley.edu/content/timothy-garton-ash
  2. Timothy Garton Ash, The File: A Personal History (Random House, 1997), S. 44.
  3. Timothy-Garton-Ash-Kuerzbiographie op der Websäit vun der Stanford Universitéit. https://web.archive.org/web/20111031211732/http://www.hoover.org/fellows/10575
  4. http://www.timeshighereducation.co.uk/story.asp?storyCode=103674&sectioncode=26 (18 May 2012)
  5. 5,0 5,1 "Biography". timothygartonash.com. http://www.timothygartonash.com/biography.html. Retrieved 4 May 2012.
  6. 6,0 6,1 "Fellows: Timothy Garton Ash". Hoover Institution. https://web.archive.org/web/20111031211732/http://www.hoover.org/fellows/10575. Retrieved 4 May 2012.
  7. Timothy Garton Ash, The File, S.4-6.
  8. Timothy Garton Ash, The File, S.96.
  9. Timothy Garton Ash, The File, S. 223-224.
  10. Anna Funder, Stasiland: Stories from behind the Berlin Wall (London, 2003). ISBN 9781862076556.
  11. Buchrezessioun zu Timothy Garton Ash, The File. http://thecaptivereader.wordpress.com/2011/07/21/the-file-timothy-garton-ash/. Retrieved 9 May 2012.
  12. Buchrezessioun zu Timothy Garton Ash, The File. http://www.nytimes.com/1997/09/17/books/books-of-the-times-turning-the-tables-on-those-who-spied-on-him.html?pagewanted=all&src=pm. Retrieved 9 May 2012.
  13. Timothy Garton Ash, Free World: America, Europe, and the Surprising Future of the West (Random House, 2004).
  14. Timothy Garton Ash, The Uses of Adversity: Essays on the Fate of Central Europe (Random House, 1989).