Tinnitus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Erste hilfe.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

De Begrëff Tinnitus aurium (lat.: "d'Schelle vum Ouer") oder kuerz Tinnitus bezeechent Geräischandréck, déi net duerch e Schallereegnis ausgeléist ginn.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Definitioun

Den Tinnitus ass eng akustesch Wahrnehmung vum Mënsch, déi zusätzlech zum Schall, deen op d'Ouer wierkt, "gehéiert" gëtt. Dës Wahrnehmung berout op enger Stéirung vun der Héierfunktioun vum Mënsch. Den Héierandrock vum Tinnitus huet also näicht mat dem Schall am Perimeter ronderëm de Patient ze dinn. Déi scheinbar gehéiert Geräischer kënne ganz verschidde sinn. Et faasst een ënnert anerem déi folgend akustesch Andréck ënnert dem Begrëff Tinnitus zesummen:

  • een oder e puer Brumm- oder Päiftéin
  • Rauschen
  • Donneren
  • Zwitscheren
  • Stëmmegewirr

Et gëtt net ëmmer e realt Geräisch, dat deeselweschten Héierandrock wéi den Tinnitus veruersaacht.

[änneren] Ursaachen

Et si vill Ursaache bekannt, déi Tinnitus ausléise kënnen. Dozou gehéieren:

Et sinn awer och schonns Tinnitusfäll ouni erkennbar medezinesch Ursaachen opgetratt. Well vill Patienten a stressege Liewensphasen a Situatiounen, an deenen et hinne psychesch schlecht geet, verstäerkt Oueregeräischer héieren, ass op d'mannst e psychosomateschen Afloss net auszeschléissen.

[änneren] Formen

Am germanophone Raum ënnerscheet een tëschent dräi Tinnitusformen, je nom Zäitraum iwwert deen een den Tinnitus héiert:

[änneren] Therapien

Fir d'Behandlung vum Tinnitus aurium ginn déi verschiddenst Therapien ugewant, allerdéngs konnt bis elo bei kenger Therapie eng Wierksamkeet wëssenschaftlech nogewise ginn.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen