Tirggel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hunneg-Tirggel aus dem Kanton Zürich (8x11 cm) mat engem Motiv vun der Spanisch-Brötli-Bahn

Tirggel ass e Gebäck aus Hunneg, Miel a Gewierzer, dat zu Zürich ëm Chrëschtdag a beim Fréijoersfest Sechseläuten op den Dësch kënnt.

Tirggel ginn esou gebak, datt eng Säit (meeschtens mat enger Dokoration dran) brong ass an déi aner wäiss. D'Tirrgel goufen awer net zu Zürich erfonnt, mee si ware schonns an der Antikitéit bekannt. A Mesopotamien goufe Formen an e Rezept fonnt. Si waren eng Zäit a ganz Europa bekannt, hunn awer nëmmen zu Zürich iwwerlieft. Zu Zürich gi se fir d'éischt am Joer 1461 schrëftlech ernimmt.

D'Forme fir d'Biller goufen aus Holz geschnëtzt. Et sinn hautdesdaags wäertvoll Sammlerstecker, déi dacks Motiver aus der Bibel weisen, oder Wopen an Zeenen aus dem Liewen. Ee vun de leschte Modellschnëtzer gëtt et nach zu Appenzell. Forme kann een am Schwäizer Landesmuseum zu Zürich gesinn.

[änneren] Tirggelfabrikanten

[änneren] Rezepter

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen