Titanen
| Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dësen Artikel beschäftegt sech mam Gëttergeschlecht vun den Titanen. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Titan. |
D'Titane sinn e Gëttergeschlecht aus der griichescher Mythologie. Et sinn déi 12 Kanner vun den Urgëtter Uranos a Gaia. Den Hesiod ernimmt:
- 6 Jongen
- 6 Meedercher
Nieft dësen "echten" Titane ginn awer och nach eenzelner vun hiren Nokommen als Titane bezeechent, z.B.: den Atlas de Prometheus an de Leto
Véier vun den Titanen hu sech mat hirer eegener Schwëster bestuet: den Okeanos mat der Thetys, de Kronos mar der Rhea, den Hyperion mat der Theia, de Koios mat der Phoibe. D'Themis an d'Mnemosyne sinn d'Fra vum Zeus ginn. Déi aner 2 Titanen hu keng Titanin zur Fra geholl: dem Krios seng Fra war d'Eurybie, eng Duechter vun der Gaia an dem Pontos; dem Iapetos seng d'Klymene, eng Okeanid.
Ënner der Féierung vum Jéngsten, dem Kronos, hu se hire Papp Uranos entmuecht an den Tartaros gestierzt.
[änneren] Titanomachie
D'Titanomachie war de Kampf tëscht den Titanen ann den olympësche Gëtter ënnert der Féierung vum Zeus, op deem senger Säit och de Prometheus, d'Hekatoncheires ann d'Kyklope stoungen. D'Kämpf waren an Thessalien wou déi al Gëtter d'Stellung um Bierg Othrys gehalen hunn, während sech den Zeus a seng Gesëschter op dem Olymp verschanzt hunn.No zéngjähregem Kampf hunn déi géigneresch Titane sech misse geschloe ginn a sinn vum Zeus an den Tartaros verbaant ginn ann/oder kruten aner Strofen operluet, so huet den Atlas den Himmel misste mat senge Schëllere stäipen. Déi Titanen, déi net ann de Kampf agegraff hunn, hunn hir Muecht konnte behalen a sinn och net verbaant ginn. Sou ass d'Mnemosyne z.B. duerch den Zeus d'Mamm vun de Muse ginn.
| Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |
| Commons: Titans – Biller, Videoen oder Audiodateien |