Todd Skinner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Todd Skinner, gebuer den 28. Oktober 1958 zu Pinedale am Wyoming, a gestuerwen den 23. Oktober 2006, war een US-amerikanesche Freeclimber. Hien ass bei engem Klammtour am Yosemite-Nationalpark a Kalifornien, wéi e sech um Fiels Leaning Tower afgeseelt huet aus 200 Meter, erafgefall. Schold war wahrscheinlech ee Materialfeeler.