Tom Bimmermann

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Tom Bimmermann, gebuer de 26. Dezember 1971 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuergesche Komponist, den zu Los Angeles lieft.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1980 bis 1992 besicht hien de Conservatoire zu Esch-Uelzecht. Do léiert hie Solfège, Harmonie, Kontrapunkt, Fugenanalys, musikalesch Ästhetik a Piano. 1990 schléisst hie säi Lycée zu Esch of a geet op Paräis op de Conservatoire National Supérieur de Musique de Paris. Do kritt hie seng Diplomen 1991 am Kontrapunkt, 1992 an der Fuge an 1993 an Harmonie. Vun 1993 bis 1996 ass hien zu Salzburg am Mozarteum wou e säin Diplom fir Dirigent fir Symphoneschen Orchester mécht.

Duerno besicht hie vun 1992 bis 1996 Dirigente-Coursen a Frankräich an zu Wien.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Am Escher Theater goufen en etlech vu senge Kompositiounen fir d'éischt opgefouert:

  • 1987: Rondo Extrait aus der Pianosonat, op.10
  • 1988: Willkommen und Abschied fir Chouer a cappella
  • 1989: Fuge a re mineur fir Flütten-Ensemble
  • 1990: Thema a Variatiounen fir Piano,op.16

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]