Tom Hermes

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tom Hermes
Gebuer 1971
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf


Den Tom Hermes, gebuer 1971, ass e lëtzebuergesche Fotograf, deen zu Lëtzebuerg lieft.

Formatioun a Realisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den Tom Hermes huet zu Bréissel op der ULB studéiert an huet vun do en Universitéitsdiplom am Fach Journalismus a Kommunikatiounswëssenschafte matbruecht. Wärend senger Studentenzäit zu Bréissel huet hie sech an d'Fotografie erageknéit.

Haut schafft hie fir Zeitungen, Revuen a Konschtmagazinen.

Hien huet de Mënsch an de Mëttelpunkt vu senge Biller a Projete gestallt.

Projeten a Retrospektiven[änneren | Quelltext änneren]

  • Release of Building Yard Impressions, Institut de formation sectoriel du bâtiment, Lëtzebuerg, 2007
  • Re-editioun vu Regards sur la psychiatrie, kollektiv Ausstellung, CAPE, Lëtzebuerg, 21-31 Oktober 2005
  • Rees op Lourdes, E fotografesche Rapport, Juli 1998
  • Portraiten, 11. Mee bis 2. Juni 1998, perséinlech Ausstellung, Morgan Stanley Bank, Bréissel
  • Rees an den Niger, fotografesche Rapport, 30. Januar bis 7. Februar 1998
  • Rees an den Togo, fotografesche Rapport, 13-20 März 1997
  • Regards sur la psychiatrie, Gruppenausstellung, 28. Januar bis 9. Februar 1997, Lycée technique Ettelbréck, Lëtzebuerg
  • Sou glécklech wéi méiglech, perséinlech Ausstellung, 15. Juli bis 15. August 1995, Lëtzebuerg
  • Ouni Heem, Gruppenausstellung, 3-14 Abrëll 1995, Université libre de Bruxelles

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]