Tom Hillenbrand

Vu Wikipedia
Tom Hillenbrand
Gebuer 1972
Hamburg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Kolumnist

Den Thomas ("Tom") Hillenbrand, gebuer 1972 zu Hamburg, ass en däitsche Journalist a Schrëftsteller.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Tom Hillenbrand huet op der Universitéit Duisburg Politik an Ekonomie studéiert an duerno d'Georg von Holtzbrinck-Schule für Wirtschaftsjournalisten absolvéiert. Wärend sengem Unisstudium hat hien e puer Méint e Stage zu Lëtzebuerg gemaach.

Hien huet ë. a. fir d'Handelsblatt, Wall Street Journal Europe[1] a vun 2005 bis 2007 Financial Times Deutschland geschafft. Vun 2001 bis 2005 war hie Wirtschaftsredakter a vun 2007 bis 2010 Ressortleeder fir d'Rubrik "Auto" bei Spiegel Online.[2] Bei Spiegel Online huet hien och sëllege Kolumnen a Glosse geschriwwen, dorënner déi iwwer Technik („Apparatschik“) a Mobilitéit ("Abgefahren"). Ënner dem Pseudonym Tom König schreift en zanter 2011 d'Rubrik "Warteschleife", wou e sech mat (schlechtem) Service um Client auserneesetzt[3],[4].

2010 huet hien an engem Bréif Hamburg Äddi gesot, mat deem en d'Flemm hat, an ass op München geplënnert.[5].

Kulinaresch Krimien[änneren | Quelltext änneren]

2011 koum bei Kiepenheuer & Witsch säin éischte Roman Teufelsfrucht: Ein kulinarischer Krimi eraus. D'Buch spillt am Gastronomiemilieu. Protagonist ass de Lëtzebuerger Kach Xavier Kieffer, deen e Restaurant mat lëtzebuergesche Kichespezialitéiten a Clausen huet. De Kieffer gëtt ongewollt an e Mordfall un engem Kritiker vum Guide Gabin verwéckelt, a mécht sech op d'Sich nom Mäerder.

Bis ewell (Nov. 2021) ginn et sechs weider Krimie mam Kieffer an der Haaptroll: Rotes Gold (2012), an deem hie sech nees mat engem Mordfall, sou wéi den onkauschere Methode beim Fëschfank an der Liewensmëttelindustrie allgemeng, auserneesetze muss; Letzte Ernte (2013), wou et ëm kriminell Manipulatioune vu Future Bonds op Liewensmëttel-Matière-Premièrë geet; Tödliche Oliven (2014), wou Olivenuelech aus der Toskana net dat ass, wat et sollt sinn, Gefährliche Empfehlungen (2017), wou e bal 80 Joer ale Gastronomie-Guide fir haut nach déidlech Geheimnisser enthält, Bittere Schokolade (2018), wou dem Kieffer seng Jugendléift, eng Knipperchersproduzentin, ermuert gëtt, a Goldenes Gift (2021), wou Gepanschs mat Hunneg den Hannergrond vun den Ermëttlungen an engem Muerdfall sinn.

Am Februar 2015 gouf bekannt, datt deen éischte Kieffer-Roman mam Moritz Bleibtreu an der Haaptroll verfilmt sollt ginn[6]; bis ewell (Stand: Mee 2022) huet sech awer nach näischt an deem Sënn gedoen.

Do dernierft schreift den Hillenbrand zanter 2014 dystopesch Thrilleren, déi an der Zoukonft spillen, an déi sech ëm Sujeten dréine wéi Iwwerwaachungsdronen (Drohnenland), Kënschtlech Intelligenz (Qube), Kryptowärungen (Montecrypto) oder digitalt Bewosstsinn (Hologrammatica).[7]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tom Hillenbrand – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Thomas Hillenbrand: Die Geisterbörse – Neuer Markt auf Hanseatisch. In: Spiegel Online vom 28. November 2002.
  2. CV vum Tom Hillenbrand op Netzfundbüro.de. Gelies den 12. Oktober 2010.
  3. Themenseite: Warteschleife - Mein Leben als Kunde. In: Spiegel Online vum 15. Mee 2012.
  4. Autorenporträt bei Kiepenheuer & Witsch: Tom König. Gelies de 15. Mee 2012.
  5. "Hamburg, keine Perle". Gelies den 21. Dezember 2010.
  6. Martin Blaney: "Moritz Bleibtreu to play "culinary Bond"." screenplay.com, 7 February, 2015.
  7. "Bücher." op tomhillenbrand.de. Gekuckt 2022-05-03.
  8. Xavier Bettel zeichnet Jean Pütz, Ranga Yogeshwar und Tom Hillenbrand aus op www.gouvernement.lu