Tom Jungen
Den Tom Jungen, gebuer de 14. Mee 1976 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen OGBL-Gewerkschaftler an LSAP-Politiker. Ufank 2008 gouf hie mat 31 Joer, als Successeur vum Arthur Sinner, Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser.
Den Tom Jungen ass zu Krautem opgewuess, wou hien an d'Primärschoul gaangen ass. Säi Secondaire huet hien an der Handwierkerschoul gemaach, an der Sektioun Electromécanique.
Nodeems hie vun 1995 un e puer Joer bei Soutirages luxembourgeois geschafft hat, ass den Tom Jungen 1999 haaptberufleche Gewerkschaftssekretär beim OGBL ginn. Seng Responsabilitéite louche fir d'éischt am Secteur Alimentatioun an Hôtellerie an duerno am ëffentlechen Déngscht. 2006 gouf hie Regionalsekretär fir Diddeleng an den Oste vu Lëtzebuerg.
Den Tom Jungen huet sech ganz fréi fir Politik an och Parteipolitik intresséiert. Mat 16 Joer war hien an der LSAP a bei de Jongsozialisten aktiv. 1999 ass hie fir d'éischt zu Réiser op der LSAP-Lëscht mat an d'Gemengewale gaangen a gouf direkt an de Gemengerot gewielt. Am Mäerz 2001 ass hien an de Schäfferot komm ier hien de 5. Februar 2008 den Eed als Buergermeeschter geleescht huet.