Conchita Wurst

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tom Neuwirth)
Conchita Wurst
Gebuertsnumm Thomas Neuwirth
Pseudonym Conchita Wurst, Conchita, Tom Neuwirth
Gebuer 6. November 1988
Gmunden
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Sänger, Mannequin, Dragqueen, Kameramann, Televisiounsmoderateur, Popsänger, Museker

Den Thomas „Tom“ Neuwirth, gebuer de 6. November 1988 zu Gmunden an Éisträich[1] ass en éisträichesche Sänger an Travestiekënschtler, deen international besonnesch duerch déi vun him verkierpert Figur Conchita Wurst bekannt gouf.

Hien huet 2014 zu Kopenhagen mat dem Lidd Rise Like a Phoenix den 59. Eurovision Song Contest gewonnen.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Tom Neuwirth ass an der steierescher Gemeng Bad Mitterndorf opgewuess. 2006 huet e bei der drëtter Staffel vun der TV-Castingshow Starmania vum ORF matgemaach, wou en an der Finall Zweete ginn ass. 2007 huet en zesumme mam Falco De Jong Luneau, Johannes "Johnny" K. Palmer a Martin Zerza d'Boyband jetzt anders! gegrënnt, déi sech awer nach am selwechte Joer nees opgeléist huet. 2011 huet en eng Ausbildung an der Grazer Schoul fir Moud gemaach.[1]

Conchita Wurst[änneren | Quelltext änneren]

Conchita Wurst beim Eurovision Song Contest 2014

D'Konschtfigur Conchita Wurst huet den Tom Neuwirth als Reaktioun géint d'Diskriminéierunge geschaf, déi en a senger Jugend wéinst senger Homosexualitéit erfueren huet. Säin Optrieden als Travestiekënschtler soll d'Mënschen zum Nodenken "iwwer sexuell Orientéierung, awer grad sou iwwer d'Aneschtsinn u sech" bréngen, fir datt "et Jugendlecher méi liicht hunn – an zwar egal, aus wat fir engem Grond se anescht wéi di aner sinn."[2],[3] Den Numm Conchita krut e vun enger Frëndin aus Kuba an huet e bäibehalen. Den Numm Wurst huet e gewielt, "well et ebe ‚Wurscht‘ ass, wouhier ee kënnt a wéi een ausgesäit".[4]

D'Biographie vun der Konschtfigur Conchita Wurst fänkt u mat der Gebuert "an de Bierger vu Kolumbien" an enger Kandheet an Däitschland.[1] Enger breeder Ëffentlechkeet bekannt gouf den Tom Neuwirth an dëser Roll wéi en an der ORF-Talentshow Die große Chance matgemaach huet, an där en an der Finall déi sechste Plaz kritt huet.[5],[6] Als Conchita huet en och an der éisträichescher Virentscheedung fir de Eurovision Song Contest 2012 (Österreich rockt den Song Contest) matgemaach an huet an der Finall mam Song That's What I Am mat 49 % vun de Stëmmen déi zweet Plaz kritt. Weider Fernseeoptrëtter hat en 2013 als Conchita Wurst an der Sendung Die härtesten Jobs Österreichs op ORF eins, wou en an der Fëschveraarbechtung geschafft huet, an am Summer vum selwechte Joer an der Sendung Wild Girls – Auf High Heels durch Afrika bei RTL, bei där en déi siwent Plaz krut.[7] 2013 war e mam Titel That's What I Am zesumme mat enger Rei weiderer éisträichesche Museker op dem Benefiz-Album Licht ins Dunkel 2013 a bei engem Concert fir d'ORF-Krëschtdagsaktioun Licht ins Dunkel vertrueden.[8]

Am September 2013 huet den ORF bekannt ginn, d'Conchita Wurst als éisträichesche Bäitrag op de Eurovision Song Contest 2014 zu Kopenhagen ze schécken.[9] D'Lidd Rise Like a Phoenix gouf eng éischte Kéier den 18. Mäerz 2014 beim Sender Ö3 presentéiert.[10] Den 8. Mee 2014 huet e sech zu Kopenhagen fir d'Finall vum Concours qualifizéiert, déi en den 10. Mee gewonn huet. Dëst war no dem Udo Jürgens senger Victoire am Joer 1966 déi zweete Kéier datt en éisträichesche Kënschtler bei engem Grand-Prix gewonn huet.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Single[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tom Neuwirth – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Conchita Wurst: biography
  2. Kurier: Conchita Wurst: "Ein Bart alleine reicht nicht", 17. September 2013
  3. Seitenblicke Magazin: Conchita Wurst spricht über ihre schwierige Jugend, 24. Juli 2013
  4. Der Standard: Chat mam Conchita Wurst, 24. Abrëll 2014
  5. tv media: Die große Chance – Alle lieben Conchita Wurst, 24. Oktober 2011
  6. Franzobel in Der Standard: Voten für die Wurstpartei, 11. Oktober 2011
  7. Kurier: Mit dem Trolley durch die Wüste, 11. Juli 2013
  8. Ein Abend für LICHT INS DUNKEL, 29. November 2013
  9. ORF: Conchita Wurst beim Song Contest, 10. September 2013
  10. Kleine Zeitung: Meine Name ist Wurst, Conchita Wurst, 18. Mäerz 2014