Tommek

Vu Wikipedia

Den Tommek, eigentlech Tom Mersch[1] an och bekannt als Peter Punchline, ass e lëtzebuergesche Rapper vu Klierf.[2]

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Dem Tommek seng Mamm kënnt aus Polen.[2] Mat eelef Joer huet hien ugefaangen ze rappen, ufanks nach op Däitsch, an zënter datt hie 16 Joer al ass op Lëtzebuergesch.[3]

2013 huet den Tommek zesumme mam John Wolter (Batteur vun The Disliked) seng éischt Single Mlimli & eng Mötsch! verëffentlecht. 2014 ass dunn d'Lidd #Yoloeffekt mam Tun Tonnar erauskomm. Dësen huet nieft dem Georges Leuck an dem John Wolter och als Beatmaker um Tommek sengem éischten Album Tëschent Humor a Wourécht (2015) matgeschafft.[1]

2015 huet hien als Reaktioun op den Hype ëm dem Bandana säin Titel Squad d'Lidd Kee Bandana Diss verëffentlecht.

No der Tok Tok Tommek EP (2016) hat den Tommek Ufank 2020 Succès mam Lidd Ciao Ciao Liewer (Schëdden Outro), enger Satireversioun vum Gary Jules sengem Hit Mad World, iwwer exzessiven Alkoholkonsum. Am Mee 2020 ass dem Tommek säin zweeten Album Wat Rap erauskomm, vun deem ënner anerem d'Lidder Hasta La Vista mam Ragga a mam Turnup Tun a Candy ausgekoppelt goufen.

Den Tommek huet Mathematik op der Uni Lëtzebuerg studéiert[3] an hien ass Professer am Atert-Lycée zu Réiden.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 2015: Tëschent Humor a Wourécht
  • 2020: Wat Rap

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2016: Tok Tok Tommek EP

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2013: Mlimli & eng Mötsch! (mam John Wolter)
  • 2014: #Yoloeffekt (mam Tun Tonnar)
  • 2015: Ma so!
  • 2015: Kee Bandana Diss
  • 2020: Ciao Ciao Liewer (Schëdden Outro)
  • 2020: Debil
  • 2020: Valhalla
  • 2020: Santa
  • 2020: Hasta La Vista

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Revue (online): Humor a Wourécht (gekuckt den 11. September 2016)
  2. 2,0 2,1 YouTube-Video zu POLSKA-LUXEMBURG
  3. 3,0 3,1 De Journal (online): Gerappte Gerechens (13. Mäerz 2016)