Tonie Marshall
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Tonie Marshall, gebuer als Anthony-Lee Caroline Julie Marshall den 29. November 1951 zu Neuilly-sur-Seine, ass eng franséisch Filmregisseurin, Dréibuchauteurin a Schauspillerin.
Si ass d'Meedche vun der franséischer Schauspillerin Micheline Presle an dem US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur William Marshall.
Filmer [änneren]
als Regisseur [änneren]
- 1989: Pentimento mam Antoine de Caunes a Magali Noël
- 1994: Pas très catholique mam Anémone an Denis Podalydès
- 1996: Enfants de salaud mam Anémone an Nathalie Baye
- 1998: Vénus beauté (Institut) mam Nathalie Baye, Mathilde Seigner an Audrey Tautou
- 2002: Au plus près du paradis mam Catherine Deneuve a William Hurt
- 2003: France Boutique mam Karin Viard a François Cluzet
- 2008: Passe-passe mam Nathalie Baye an Edouard Baer
als Schauspillerin (Auswiel) [änneren]
- 1973: L'événement le plus important depuis que l'homme a marché sur la lune vum Jacques Demy mam Marcelle Mastroianni a Catherine Deneuve
- 1980: Les sous-doués vum Claude Zidi mam Daniel Auteuil a Richard Bohringer
- 1990: La campagne de Cicéron vum Jacques Davila mam Sabine Haudepin a Judith Magre
- 1993: Le champignon des Carpathes vum Jean-Claude Biette mam Laura Betti an Howard Vernon
- 2008: Musée haut, musée bas vum Jean-Michel Ribes mam Michel Blanc a Pierre Arditi