Tonsor

Vu Wikipedia

Tonsor war am Réimesche Räich d'Bezeechnung fir e Coiffer. En huet net nëmmen Hoer geschnidden, mä e war och dofir zoustänneg senger Clientèle de Baart ze maachen an hir Fangerneel ze schneiden. Ënner de raiche Leit vum réimesche Räich war et Brauch, datt ënner de Sklaven, op d'mannst ëmmer een, en Tonsor war.

Vun dëser Beruffsbezeechnung leet sech den typeschen Hoerschnëtt bei Pateren, d'Tonsur, of.

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.