Tony Bourg

Vu Wikipedia
Tony Bourg
Gebuer 13. Februar 1912
Gestuerwen 18. Juni 1991
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Linguist, Schrëftsteller
Bild 1. Den Tony Bourg 1971 am renovéierte Victor-Hugo-Literaturmusée.
Bild 2. Dem Tony Bourg säin Haus zu Wäicherdang, zanter dem 17. Juni 2011 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Den Tony Bourg, gebuer den 13. Februar 1912 zu Wäicherdang[1] a gestuerwen den 18. Juni 1991 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer, Auteur, Linguist, Literaturwëssenschaftler, Literaturkritiker a Conferencier.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Tony Bourg ass zu Wäicherdang an d'Primärschoul gaangen a gouf duerno Internatsschüler zu Dikrech, well säi Papp eng Zäit laang an Amerika gezunn ass. No senger Première am Joer 1932 studéiert hie Romanistik an Alphilologie um Cours supérieur an der Stad an op den Universitéiten zu Paräis an zu Grenobel. Vun 1939 un ass hie Franséisch- a Latäinprofesser um Iechternacher Kolléisch.

Am Zweete Weltkrich, vun 1941 bis 1945, gouf hien zesumme mat senger Fra zwangsëmgesidelt. Nom Krich war hie Professer um Stater Jongelycée. Vun 1955 bis 1968 gëtt hie franséisch Literatur fir Juristen um Cours supérieur a vun 1968 bis 1975 an der Romanistikofdeelung vum Centre universitaire.

Den Tony Bourg huet 1971 déi éischt gréisser Renovatioun vum Victor-Hugo-Literaturmusée zu Veianen ënnerholl (cf. Bild 1). Ulass war den honnertste Gebuertsdag vum leschten Openthalt vum franséischen Dichter zu Veianen am Joer 1871. Am Veianer Musée sollt d'Liewe vum Hugo vun elo un méi unhand vun Originaldokumenter beliicht ginn.

Zanter 1973 huet den Tony Bourg zu Wäicherdang gewunnt (cf. Bild 2). 1979 war hie Grënnungsmember vum regionale Veräin De Cliärrwer Kanton.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Tony Bourg huet a villen Zeitungen an Zäitschrëften Artikele publizéiert, besonnesch iwwer auslännesch Schrëftsteller, wéi de Victor Hugo, den André Gide, a vill anerer, déi sech zu Lëtzebuerg opgehalen hunn. Hie gëllt als ee vun de beschte Kenner vun den Aktivitéite vum Kolpecher Frëndeskrees.

An den 1960er Joren huet den Tony Bourg um UKW Literaturvirträg op Lëtzebuergesch gehalen. Seng Essaien a literaturwëssenschaftlech Bäiträg sinn als Sammlung posthum ënner dem Titel Recherches et Conférences littéraires erauskomm[2].

Dem Tony Bourg säin Archiv gëtt am nationale Literaturzentrum ënner der Nummer CNL L-0011 versuergt.

Nom Tony Bourg genannt[änneren | Quelltext änneren]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng komplett Bibliographie vum Tony Bourg sengem Wierk, cf. Schaffner (1991) an der Literatur.

  • Bourg, Tony, 1959. La réforme de l'enseignement français. Journal des professeurs n° 44: 39-48.
  • Bourg, Tony, 1965. Victor Hugo au Luxembourg en 1862. Les Cahiers luxembourgeois: revue libre des lettres, des sciences et des arts, 33, n° 2: 81-97. Luxembourg.
  • Bourg, Tony, 1978. Le Luxembourg dans le roman français. In: Les relations franco-luxembourgeoises de Louis XIV à Robert Schuman / Actes du colloque de Luxembourg, 17-19 novembre 1977. Metz. pp. 301–314.
  • Bourg, Tony, 1982. Victor Hugo et la ruine de Bourscheid. Les cahiers de Bourscheid n° 1: 107-119.
  • Bourg, Tony, 1994. Recherches et conférences littéraires: recueil de textes. [éd.: Jean-Claude Frisch, Cornel Meder, Jean-Claude Muller et Frank Wilhelm]. Ministère des affaires culturelles, Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul. 797 p. Publications nationales du Ministère des affaires culturelles.
  • Bourg, Tony & Frank Wilhelm, 1985. Le Grand-Duché de Luxembourg dans les carnets de Victor Hugo. 343 p. RTL Édition, Impr. centrale, Luxembourg. [avant-propos de Jacques Rigaud ; préf. de René Journet]
  • Bourg, Tony & Gilbert Trausch, 1988. Le Luxembourg, terre de contrastes. [photogr.: Marcel Schroeder] Banque de Luxembourg, Luxembourg. 20 p.
  • Bourg, Tony & Joseph-Emile Muller (dir.), 1980. Les Mayrisch, l'apport et le rayonnement européen d'une famille luxembourgeoise: [Exposition] du 28 novembre 1980 au 4 janvier 1981. Musée d'histoire et d'art, Luxembourg, Impr. Centrale. 48 p.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ensch, Jean, 1987. Le nom de famille luxembourgeois Bourg, avec une généalogie ascendante du professeur Tony Bourg. In: Muller, Jean-Claude & Frank Wilhelm, 1987. Le Luxembourg et l'étranger: présences et contacts = Luxemburg und das Ausland: Begegnungen und Beziehungen: pour les 75 ans du professeur Tony Bourg. Luxembourg: SESAM. pp. 247–260.
  • Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
  • Koch-Kent, Henri, Vic Abens, Marcel Engel, Paul Spang, Lex Jacoby, Rosemarie Kieffer, Lucien Kayser, Frank Wilhelm, Jul Christophory & Cornel Meder, 1991. Hommages à Tony Bourg. Galerie: revue culturelle et pédagogique, Jg. 9, Nr. 2: 168-189. Differdange.
  • Schaffner, Hugues, 1991. Bibliographie du professeur Tony Bourg. De Cliärrwer Kanton, Joer 13, Nr. 3: 26-28. Klierf.
  • Wilhelm, Frank, 1991. À la mémoire de Tony Bourg (1912-1991): collaborateur et fidèle ami de "Ré-Création". Ré-création: magazine culturel de l'APESS, Bd. 7: 133-141. Diekirch.
  • Wilhelm, Frank, 1991. À la mémoire de Tony Bourg (1912-1991), professeur, historien et critique littéraire, collaborateur des 'Cahiers luxembourgeois', homme droit. Cahiers lux., n° 3: 5-8.
  • Wilhelm, Frank, 1991. Nediirt, Här Wilhelm. Erënnerungen un den Tony Bourg. Galerie n° 2: 182-186.
  • Wilhelm, Frank, 1991. Si Echternach m'était conté... (20). Le professeur Tony Bourg (1912-1991) à/et Echternach. Lux. Wort. Warte, 04.07.1991.
  • Wilhelm, Frank, 1991. Tony Bourg. Ses contributions au 'Letzeburger Land'. D'Letzeburger Land, 25.07.1991. Ill.
  • Wilhelm, Frank, 2000. Il y a dix ans, Tony Bourg nous quittait. Galerie: revue culturelle et pédagogique, Jg. 18, Nr. 4: 535-542. Differdange.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Bild 3 an den Illustratiounen.
  2. Cf. Bourg (1994) an der Bibliographie.
  3. Weicherdingen erhält erstmals Straßennamen - Ein Dorf tritt ans Taufbecken den 23. Februar 2017 op wort.lu
  4. Am Gebuertshaus vum Tony Bourg ass haut de Café Bourg (Haus Nr. 40).