Tony Curtis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Tony Curtis
Den Tony Curtis 1955

Den Tony Curtis, gebuer den 3. Juni 1925 an der Bronx zu New York City als Bernard Schwartz, a gestuerwen den 29. September 2010, war en US-amerikanesche Schauspiller.

An den 1950er a 60er Joren war hien ze gesinn a Filmer wéi Trapeze (1956, (mam Burt Lancaster an der Gina Lollobrigida), Sweet Smell of Success (1957, och mam Burt Lancaster), The Defiant Ones (1958, mam Sidney Poitier), Operation Petticoat (1959), Some Like It Hot (1959, vum Billy Wilder, mam Jack Lemmon an der Marilyn Monroe), Spartacus (1960, mam Kirk Douglas a mam Laurence Olivier), Taras Bulba (1962, mam Yul Brynner a mam Sam Wanamaker), The Great Race (1965, mam Jack Lemmon, Peter Falk an der der Natalie Wood) an The Boston Strangler (1968, mam Henry Fonda a George Kennedy).

1971-1972 huet hien an The Persuaders zesumme mam Roger Moore d'Haaptroll gespillt. The Bad New Bears Go to Japan (1978) an The Mirror Crack'd (1980) ware Filmer, an deenen en ë. a. an den 1970er Jore maatgespiollt huet.

Zënterhier hat en en ettlech Gaaschtrollen ë. a. a Suddenly Susan (1998), Hope & Faith (2004) a CSI: Crime Scene Investigation (2005).

2008 si seng Memoiren ënnert dem Titel American Prince erauskomm.

Zënter den 1980er Joren huet den Tony Curtis sech och als Moler en Numm gemaach.

Hie war sechsmol bestuet, dorënner mat der Janet Leigh (mat där en zwee Kanner hat, dorënner d'Jamie Lee Curtis) a senger leschter Fra Jill Vandenberg Curtis, mat där e vun 1998 bis zu sengem Doud bestuet war, an déi 42 Joer méi jonk ass wéi hien.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Tony Curtis – Biller, Videoen oder Audiodateien