Tony DiTerlizzi

Vu Wikipedia
Tony DiTerlizzi - Lucca Comics & Games 2016

Den Tony DiTerlizzi ass de 6. September 1969 an eng Kënschtlerfamill eragebuer ginn an ass a Florida opgewuess.

Hien huet Graphikdesign op der Florida School of the Arts a spéider am Art Institute zu Fort Lauderdale studéiert. Hien huet no sengem Ofschloss fir d'éischt divers Fantasyspiller illustréiert, ënner anerem Dungeons and Dragon. Siwen erfollegräich Joer méi spéit huet hie säin éischt Kannerbuch illustréiert. Seng fantastech Biller, mat deenen hien ënner anerem berüümt Figuren aus de Wierker vum J. R. R. Tolkien, Anne McCaffrey a Peter S. Beagle Gestalt ginn huet, sinn dacks ausgezeechent ginn. De gréissten Erfolleg hat hien allerdéngs bis elo mat The Spiderwick Chronicles.

Den Tony DiTerlizzi lieft als fräien Auteur, Illustrateur, a Filmemécher am Massachusetts.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]