Tony Rollman

Vu Wikipedia
Tony Rollman
Gebuer 1899
Gestuerwen 1986
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den Tony Rollman, gebuer 1899 a gestuerwen 1986, war e Stolspezialist. Hien ass an där Qualitéit Generaldirekter vun der Maartdivisioun bei der Héijer Autoritéit vun der CECA ginn, eng Funktioun déi hie bis 1967, dat heescht bis zur Fusioun vun der Héijer Autoritéit mat der Europäescher Kommissioun, hat.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Tony Rollman hat eng féierend Positioun bei der Arbed an ass als Stolspezialist an den 1930er Joren no Japan geschéckt ginn. Nom Zweete Weltkrich ass hie vu Lëtzebuerg aus an déi International Ruhrautoritéit, déi mat den Zukunftsproblemer vun der däitscher Groussindustrie befaasst war, delegéiert ginn. Hie war do bis den Albert Wehrer, zesumme mam Jean Monnet, hien op Lëtzebuerg zeréckgeruff huet, fir d'Generaldirektioun Stol vum Schumanplang opzebauen an ze dirigéieren. Den Tony Rollman war e Self made man an e bescheidene Mënsch. Hien huet geglänzt duerch seng Doten an net duerch seng Wierder. Seng Stäerkt war seng Kompetenz, awer och seng Facultéit, fir komplizéiert Problemer einfach duerzestellen. Hien zielt zu de grousse Lëtzebuerger Europäer vun der alleréischter Stonn.

Verdéngschter an Unerkennung[änneren | Quelltext änneren]

  • An de Mémoirë vum Jean Monnet gëtt den Tony Rollman ausdrécklech ernimmt.
  • Iwwer den Tony Rollman ass vum CNA en Dokumentarfilm gedréint ginn, deen de 14. Juni 2005 zu Ettelbréck an enger Avant-première presentéiert gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Rieben, Bernard Clappier, Etienne Hirsch, Tony Rollman, François Fontaine, Robert Holveck: Une mémoire vivante, 1986, 144 Säiten

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]