Tony Vaccaro

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Tony Vaccaro.

Den Tony Vaccaro, och Michael A. Vaccaro, gebuer den 20. Dezember 1922 zu Greensburg a Pennsylvania, ass en US-amerikanesche Fotograf.

Hien ass virun allem fir seng ronn 8000 Fotoe bekannt, déi en tëscht 1944 an 1949, vum Debarquement als Zaldot bei der Operatioun Overlord an der Normandie bis zum Verwaltungsaarbechter an Däitschland, gemaach huet. Dono war hien e bekannte Moud- a Lifestyle-Fotograf fir verschidden US-amerikanesch Zäitschrëften.

Den Tony Vaccaro ass 1943 an d'US-Arméi agezu ginn a gouf 1944 an Europa geschéckt, wou en bis zum Enn vum Zweete Weltkrich als Zaldot vun der 83rd Infantry Division matgekämpft huet. Hie war vun Oktober bis Dezember 1944 zu Lëtzebuerg stationéiert, huet bei der Ardenneschluecht matgemaach, an dono bei der Eruewerung vun Däitschland bis zu deem senger Kapitulatioun. Wann ëmmer e konnt, huet hien niewelaangscht Fotoe gemaach, déi en zum Deel ënner prekäre Conditioune selwer entwéckelt huet. Eréischt géint Enn vum Krich gouf hien offiziell als Fotograf agestallt, an zwar fir eng Zeitung vun enger Divisioun vun der US-Arméi.

No senger Entloossung aus der Arméi, am September 1945, ass hie bis 1949 an Däitschland bliwwen, wou en an der US-Administratioun geschafft huet. Ausserdeem huet hie fir d'Weekend-Bäiluecht vun der Zeitung Stars and Stripes geschafft. Esou ass e fotografeschen Temoignage vun den éischte Jore vum Nokrichs-Däitschland entstanen.

Hie koum zeréck an d'USA an huet do ë.a. fir Life, Look a Flair geschafft. 1954 ass en op Roum wunne gaangen.

1995 gouf en Deel vu senge Fotoen, déi en 1944 zu Lëtzebuerg gemaach huet, am Stater Cercle ausgestallt. 2002 gouf am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg zu sengem 80. Gebuertsdag d'Austellung Shots of war - Tony Vaccaro 1994-45 gewisen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Gielecher

  • 1994 gouf hie Chevalier de la Légion d'honneur.
  • 2004 krut en d' Bundesverdienstkreuz Erster Klasse

[änneren] Publikatiounen

  • Vaccaro, Tony. Luxembourg by Tony Vaccaro, 1944-1945. Luxembourg: Lions Club, 1995.
  • Entering Germany: Photographs 1944-1949. Taschen Verlag, 2001, ISBN 3822859087
  • Frank Lloyd Wright. Kultur-unterm-Schirm, 2002
  • Shots of War Art Stock, 2004, ISBN 3905597349

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen