Top End

Vu Wikipedia
Kaart vum Northern Territory, t'Top End ass rout gefierft

Den Top End ëmfaasst den nërdlechsten Deel vum australeschen Northern Territory (NT), nërdlech vun Daly Waters an huet eng Fläch vun ongeféier 400.000 Quadratkilometer wat 1/3 vun der totaler Fläch vum Northern Territory entsprécht. Am Top End sinn déi meescht Gemenge vum Northern Territory, sou wéi d'Stied Darwin, Katherine, Pine Creek, Palmerston, Jabiru a Mataranka. Den Top End ass dat zweet Gebitt vun Australien dat am nërdlechste läit, no der Kap-York-Hallefinsel.

Nationalparken[änneren | Quelltext änneren]

De gréissten Deel vum Top End besteet aus dem Arnhem Land, sou wéi aus deem un d'Arnhem Land ugrenzende Kakadu Nationalpark. Aner Nationalparken am Top End sinn ënner anerem den Nitmiluk-Nationalpark (Katherine Gorge National Park) an de Cutta Cutta Caves Natur-Park. ]