Topographie
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Topographie ass d'Beschreiwung vu Plazen, Uertschaften, oder Länner, mat allen Eenzelheeten, wéi se um Terrain ze fanne sinn, sief dat Elementer déi vun Natur aus do sinn, oder vum Mënsch geschafe goufen.
Den Zweck vun den topographeschen Opnamen, ass e méiglechst genee Kaartebild kënnen duerzestellen.
An de meeschte Länner gouf d'Topographie haaptsächlech vun den Arméie gemaach. Dofir haten d'État-majoren eng speziell topographesch Divisioun déi Kaarten am Moossstaf 1:20.000 oder 1:25.000 gezeechent huet.
Dofir ginn esou Kaarten och hat nach dacks État-majorskaarte genannt.
Hautdesdaags bekëmmere sech a ville Länner zivil Verwaltungen dorëms wéi zu Lëtzebuerg de Kadaster, an an anere Länner déi respektiv national geographesch Instituter.
Eng vun de bekannte Kaarten op deenen d'Lëtzebuerger Land drop agezeechent ass, an deelweis schrëftlech dokumentéiert ass, ass d'Ferrariskaart.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Topographie – Biller, Videoen oder Audiodateien |