Tour de France 2012

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kaart vum Tour de France 2012

Den Tour de France 2012 war déi 99. Editioun vum Tour de France. En huet den 30. Juni 2012 zu Léck an der Belsch ugefaangen a koum den 22. Juli 2012 zu Paräis un. D'Course hat eng total Distanz vun 3.494 Kilometer. 198 Coureure aus 31. Natioune sinn an 22 Equippen un den Depart gaangen, 153 dovun hunn et och iwwer d'Zillinn gepackt.

Gewonne gouf den Tour vum Brit Bradley Wiggins, deen zanter der 7. Etapp de Gielen Trikot net méi ausdoe sollt. De Gewënner vun ziort Cadel Evans koum wäit hannendru just op Plaz 7 vum Gesamtklassement.

Den Andy Schleck konnt wéinst enger Chute e puer Woche virdru beim Critérium du Dauphiné net deelhuelen. Säi Brudder Fränk Schleck gouf de 14. Juli positiv op d'Diuretikum Xipamid getest, wat zwar keen Dopingmëttel ass, mä zur Verschleierung vun Doping benotzt ka ginn an dowéinst trotzdeem net zougelooss ass. Obwuel dee Befonnt net zwangsleefeg zu enger Sanktioun hätt féiere missen huet seng Equipe e prompt aus dem Tour zréckgezunn.

Streck[änneren | Quelltext änneren]

Um Programm stoungen néng Flaachetappen, véier Etappe mat Hiwwelen a sechs Biergetappen, dorënner der véier mat Biergarrivée.

Et war den éischten Tour zanter dräi Joer bei deem den Depart a Frankräich ass, an zwar tëscht dem Passage du Gois an dem Mont des Alouettes an der Vendée.

Déi éischt dräi Etappe goufe komplett an der Belsch gefuer, eréischt duerno ass den Tour a Frankräich komm. Anescht wéi zior goung et nees mat engem Prolog lass, engem kuerzen Zäitfueren zu Léck. Am weidere Verlaf gouf et nach zwou weider Etappe mat individuellem Zäitfueren, en Equippenzäitfuere war dogéint net virgesinn.

Klassementer no der 21. Etapp[änneren | Quelltext änneren]

Generalklassement
Coureur Equipe Zäit
1 GBRGBR Bradley Wiggins Jersey yellow.svg GBRGBR Team Sky an 87h 34 min 47 s
2 GBRGBR Chris Froome GBRGBR Team Sky + 3 min 21 s
3 ITAITA Vincenzo Nibali ITAITA Liquigas-Cannondale 6 min 19 s
4 BELBEL Jurgen Van Den Broek BELBEL Lotto-Belisol 10 min 15 s
5 USAUSA Tejay van Garderen Jersey white.svg USAUSA BMC Racing Team 11 min 04 s
6 ESPESP Haimar Zubeldia Jersey yellow number.svg LUXLUX RadioShack-Nissan 15 min 41 s
7 AUSAUS Cadel Evans USAUSA BMC Racing Team 15 min 49 s
8 FRAFRA Pierre Rolland FRAFRA Europcar 16 min 26 s
9 SLOSLO Janez Brajkovič KAZKAZ Astana 16 min 33 s
10 FRAFRA Thibaut Pinot FRAFRA FDJ-BigMat 17 min 17 s
Punkteklassement
Coureur Equipe Punkten
1 SLKSLK Peter Sagan Jersey green.svg ITAITA Liquigas-Cannondale 421
2 DEUDEU André Greipel BELBEL Lotto-Belisol 280
3 AUSAUS Matthew Goss AUSAUS Orica-GreenEDGE 268
Biergpräis
Coureur Equipe Punkten
1 FRAFRA Thomas Voeckler Jersey polkadot.svg FRAFRA Europcar 135
2 SWESWE Fredrik Kessiakoff KAZKAZ Astana 123
3 DENDEN Chris Anker Sørensen Jersey red number.svg DENDEN Team Saxo-Tinkoff 77
Beschte jonke Coureur
Coureur Equipe Zäit
1 USAUSA Tejay van Garderen Jersey white.svg USAUSA BMC Racing Team a 87 h 45 min 51 s
2 FRAFRA Thibaut Pinot FRAFRA FDJ-BigMat + 6 min 13 s
3 NEDNED Steven Kruijswijk NEDNED Rabobank 1 h 05 min 48 s
Equippen
Equipe Land Zäit
1 LUXLUX RadioShack-Nissan Jersey yellow number.svg Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg an 263 h 12 min 14 s
2 GBRGBR Team Sky Flag of the United Kingdom.svg Groussbritannien + 5 min 46 s
3 USAUSA BMC Racing Team Flag of the United States.svg USA 36 min 29 s

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tour de France 2012 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Tour de France
1903 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | 32 | 33 | 34 | 35 | 36 | 37 | 38 | 39 | 47 | 48 | 49 | 50 | 51 | 52 | 53 | 54 | 55 | 56 | 57 | 58 | 59 | 60 | 61 | 62 | 63 | 64 | 65 | 66 | 67 | 68 | 69 | 70 | 71 | 72 | 73 | 74 | 75 | 76 | 77 | 78 | 79 | 80 | 81 | 82 | 83 | 84 | 85 | 86 | 87 | 88 | 89 | 90 | 91 | 92 | 93 | 94 | 95 | 96 | 97 | 98 | 99 | 2000 | 01 | 02 | 03 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 |11 |12 |13