Tour du Guet

Vu Wikipedia
Tour du Guet zu Calais

Den Tuerm mat dem Numm Tour du Guet ass e 35 Meter héijen Tuerm am Zentrum vu Calais.

E staamt aus dem 13. Joerhonnert a stoung fréier an der Mëtt vun der Buerg vu Calais.

Den Tuerm den zanter 1931 als historescht Monument klasséiert ass, kann net besicht ginn, well en net méi de Sécherheetsnormen entsprécht.

Am Ufank war et e Wuechttuerm, duerno e Liichttuerm, an huet Relais fir Telefon gespillt.

Op der Plaz nieft dem Tuerm, gëtt zanter dem 16. Joerhonnert de Maart ofgehalen, deen hautdesdaags all Mëttwoch a Samschden ass.

Als Liichttuerm gouf en 1848 vum haitege Liichttuerm beim Färhafen ofgeléist.