Tourismusministär
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Tourismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Tourismusministär oder Tourissemministär ass e Ministär, dee fir Tourismus zoustänneg ass. Déi politesch Verantwortung dréit den Tourismusminister.
Inhaltsverzeechnes |
Den Tourismusministär zu Lëtzebuerg [änneren]
Tourismusministär oder Tourissemministär sinn zu Lëtzebuerg vereinfacht a geleefeg Bezeechnunge fir d'Tourissemofdeelung (fr.: Département du tourisme) am Ministère des classes moyennes et du tourisme, déi fir den Tourismus zoustänneg ass. Den Tourismusministär gouf 1964 ënnert der Regierung Werner-Cravatte geschaf.
Attributiounen [änneren]
Geméiss groussherzoglechen Arrêté[1] ass den Tourismusministär zoustänneg fir folgend Themefelder:
- allgemeng Politik vum Tourissem;
- Fërderung vum Tourissem;
- touristesch Infrastrukturen, z. B. Wanderweeër;
- den Office national du tourisme;
- Kongresser a Seminären;
- d'Agentur Luxembourg Congrès;
- Tourismusbüroen am Ausland;
- grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht.
Ministeren [änneren]
| Minister | Zäitraum | Regierung |
|---|---|---|
| Françoise Hetto | 2009- | Regierung Juncker-Asselborn II |
| Fernand Boden | 1979-2009 | Regierung Juncker-Asselborn I, Regierung Juncker-Polfer, Regierung Juncker-Poos, Regierung Santer-Poos III, Regierung Santer-Poos II, Regierung Santer-Poos I, Regierung Werner-Thorn-Flesch |
| Josy Barthel | 1977-1979 | Regierung Thorn-Vouel-Berg |
| Marcel Mart | 1969-1977 | Regierung Thorn-Vouel-Berg, Regierung Werner-Schaus II |
| Henry Cravatte | 1964-1969 | Regierung Werner-Cravatte |
Vertriedungen am Ausland [änneren]
| Numm | Stad | Land |
|---|---|---|
| Ambassade van Luxemburg, Afdeling Toerisme | La Haye | Holland |
| Office du tourisme du grand-duché du Luxembourg | Bréissel | Belsch |
| Office du tourisme du grand-duché du Luxembourg | Paräis | Frankräich |
| Luxemburgische Botschaft, Abteilung Tourismus | Berlin | Däitschland |
| Luxemburgisches Verkehrsamt | Mönchengladbach | Däitschland |
| Luxembourg Tourist Office | London | Groussbritannien |
| Luxembourg Tourist Office, Luxembourg House | New York | USA |
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Cf. Säit 2533 in: Arrêté grand-ducal du 27 Juillet 2009 portant constitution des Ministères. Memorial Nr. 173: 2532-2541 vum 29. Juli 2009. (PDF, 60 kB).