Ministère de l'Économie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tourismusministère)
Ministère de l'Économie
Wirtschaftsministère
Land Lëtzebuerg
Minister Lex Delles, Eric Thill
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress Forum Royal, 19-21, boulevard Royal L-2449 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Um Spaweck https://meco.gouvernement.lu/

De Wirtschaftsministère (fr: Ministère de l'Économie, gekierzt MECO), ass e Ministère zu Lëtzebuerg deen zoustänneg ass fir d'Wirtschaftspolitik vum Land ëmzesetzen, grad wéi fir d'Mëttelklass, d'Energie an den Tourismus.

Opdeelung[änneren | Quelltext änneren]

D'Zoustännegkeete vum Ministère ginn op zwéi Ministeren opgedeelt:

  • de Lex Delles ass Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus;
  • den Eric Thill ass delegéierte Minister fir Tourismus.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Wirtschaftspolitik vun der Regierung ëmzesetzen, hëlt de Ministère strateegesch Decisiounen a këmmert sech drëm, déi néideg Instrumenter fir d'Dynamik a fir eng nohalteg Entwécklung vun der nationaler Ekonomie ze schafen.

En ass zoustänneg fir d'allgemeng Wirtschaftspolitik (Kompetitivitéit an Opschwong, Bannemaart, industriell Politik), d'allgemeng Politik vun den Entreprisen, d'Gesellschaftsverantwortung vun den Entreprisen, Ënnerstëtzung, d'Entwécklung an d'Diversifizéierung vun der Ekonomie.

Do dernieft këmmert e sech ëm de Aussenhandel, d'Fuerschung an d'Innovatiounen, d'intellektuell Proprietéit, d'Raumfaartpolitik an de Pavillon maritime.

An d'Attributioune vum Wirtschaftsministère falen och d'Beräicher vun der Mëttelklass, der Energie an dem Tourismus.

Kompetenz vum Ministère[änneren | Quelltext änneren]

D'Beräicher, Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Wirtschaftsministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

Beräich „Wirtschaft“[änneren | Quelltext änneren]

Beräich „Mëttelklass“[änneren | Quelltext änneren]

Beräich „Energie“[änneren | Quelltext änneren]

Beräich „Tourismus“,[änneren | Quelltext änneren]

Historique vum Wirtschaftsministère[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer d'Jore war de Ressort vun der Ekonomie deels mat anere Ressorte kombinéiert an den Numm vum Ministère huet deementspriechend gewiesselt:

  • 1964 - 1969 : Ministre de l'Économie nationale et de l'Énergie
  • 1969 - 1977 : Ministre de l'Économie nationale, des Classes moyennes et du Tourisme
  • 1977 - 1989 : Ministre de l'Économie nationale et des Classes moyennes
  • 1989 - 2004: Ministre de l'Économie
  • 2004 - 2013: Ministre de l'Économie et du Commerce extérieur
  • zënter 2013 : Ministère de l'Économie

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ministère de l'Économie – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung (fr)

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.