Tove Jansson

Vu Wikipedia
Tove Jansson
Gebuertsnumm Tove Marika Jansson
Pseudonym Vera Haij
Gebuer 9. August 1914
Helsinki
Gestuerwen 27. Juni 2001
Helsinki
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Moler, Schrëftsteller, Illustrateur, Kannerbuchauteur, Cartoonist
D'Tove Jansson mat Muminfiguren (1956).

D'Tove Jansson, gebuer den 9. August 1914 zu Helsinki an och do de 27. Juni 2001 gestuerwen, war eng schweedeschsproocheg finnesch Schrëftstellerin, Zeechnerin, Comicauteurin, Graphikerin, Illustratrice a Molerin.

Si gouf berüümt fir hir Phantasiewelt vun de Mumintrollen, iwwer déi se Bicher geschriwwen a Comics gemoolt huet. Si huet awer och „erwuesse“ Literatur geschriwwen. Dat éischt Mumin-Buch Småtrollen och den stora översvämningen ("Déi kleng Trollen an déi grouss Iwwerschwemmung") koum 1945 eraus. 1954 ass hir éischt Mumin-Geschicht als Comicstrip an The Evening News erauskomm. 120 Zeitungen aus 40 Länner hunn déi Strips iwwerholl.

Hei drënner déi Mummin-Bicher, déi op Däitsch iwwersat goufen (mat hirem däitschen Titel):

  • Mumins lange Reise (Småtrollen och den stora översvämningen, EA 1945)
  • Komet im Mumintal (Kometjakten, EA 1946)
  • Eine drollige Gesellschaft (Trollkarlens hatt, EA 1948)
  • Muminvaters wildbewegte Jugend (Muminpappans bravader, EA 1950)
  • Mumin, wie wird's weiter gehen? (Hur gick det sen? Boken om Mymlan, Mumintrollet och lilla My, EA 1952)
  • Sturm im Mumintal (Farlig midsommar, EA 1954)
  • Winter im Mumintal (Trollvinter, EA 1957)
  • Wer tröstet Toffel? (Vem ska trösta knyttet?, EA 1960)
  • Geschichten aus dem Mumintal (Det osynliga barnet [och andra berättelser], EA 1963)
  • Mumins [wundersame] Inselabenteuer (Pappan och havet, EA 1965)
  • Herbst im Mumintal (Sent i november, EA 1970)
  • Die gefährliche Reise (Den farliga resan, EA 1977)
  • Der Schurke im Muminhaus (Skurken i muminhuset, EA 1980)
  • Mumin-Comics

D'Tove Jansson huet 12 Bicher fir Erwuessener geschriwwen, wouvun der bis ewell just véier op däitsch iwwersat goufen:

  • Die Tochter des Bildhauers (Bildhuggarens dotter EA 1968, Autobiographie)
  • Sommerbuch (Sommarboken EA 1972)
  • Die Puppenstube (Dockskåpet och andra berättelser EA 1978)
  • Die ehrliche Betrügerin (Den ärliga bedragaren EA 1982)

Nieft hiren eegene Bicher huet d'Tove Jansson och ë. a. The Hobbit vum J. R. R. Tolkien Alice in Wonderland an The Hunting of the Snark vum Lewis Carroll illustréiert. Si huet periodesch och vill als Molerin geschafft, souwuel op Toile wéi och als Wandmolereien an ëffentleche Gebaier a Kierchen.

Si war laang Jore mat der Graphikerin Tuulikki Pietilä zesummen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tove Jansson – Biller, Videoen oder Audiodateien