Trëndel

Vu Wikipedia
En Trëndel um Ytste-Mardola-Stauséi an Norwegen

En Trëndel ass eng Mass Waasser, déi sech dréint. Trëndele kommen dacks am Mier vir a ginn duerch Gezäite provozéiert. Déi meescht dovu sinn net besonnesch staark, eenzeler awer schonn, an deem Fall schwätzt ee vun engem Maelstrom. Ee vun de Stäerksten ass de Moskstraumen bei de Lofoten an Norwegen, dee sech an der Moyenne mat 27,8 km/Stonn beweegt. En huet an der Literatur ë. a. den Edgar Allan Poe an de Jules Verne (Vingt mille lieues sous les mers) inspiréiert.

Méi kleng Trëndele kann ee beim Oflaf vum Waasser aus enger Bidden oder engem Lavabo observéieren.

Och ënner Waasserfäll kënnen Trëndelen entstoen, wéi z. B. bei de Whirlpool ënner den Niagarafäll.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trëndelen – Biller, Videoen oder Audiodateien