Traian Băsescu
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Traian Băsescu [ traˈjan bəˈsesku ], gebuer de 4. November 1951 zu Murfatlar, ass e rumänesche Politiker (President) a fréieren Offizéier vun der Handelsmarine.
No 1989 gouf hie Member vun der Partei National Rettungsfront (FSN) a war vun 1990-1992 Transportminister. Wéi d'FSN sech gespléckt huet huet hie sech dem Petr Roman senger Demokratescher Partei ugeschloss. 1992-2000 war hien Deputéierten am rumänesche Parlament a gläichzäiteg Transportminister.
Hie war vu Juni 2000 bis Dezember 2004 Buergermeeschter vu Bukarest an ass zënter dem 20. Dezember 2004 President vu Rumänien. Am Dezember 2009 gouf hien erëmgewielt.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Traian Băsescu – Biller, Videoen oder Audiodateien |