Traité iwwer d'Asetze vun engem gemeinsame Conseil an enger gemeinsamer Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Traité iwwer d'Asetze vun engem gemeinsame Conseil an enger gemeinsamer Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften, vereinfacht Fusiouns-Traité oder och Traité vu Bréissel genannt, ass en Euopäeschen Traité, deen den 8. Abrëll 1965 zu Bréissel tëscht de 6 Grënnungs-Memberstaate vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft ënnerschriwwe gouf. En ass den 1. Juli 1967 a Kraaft getrueden.

Duerch hien si d'Exekutiv-Strukturen, déi duerch den EWG-Vertrag, de CECA-Vertrag an den Euratom-Vertrag agesat gi waren, fusionéiert. Zu där Zäit gouf et schonn e gemeinsame Geriichtshaff an e gemeinsaamt Parlament.

En huet de Conseil an d'Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften geschafen, déi een eenzege Budget zesummen haten an hire Sëtz zu Bréissel haten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Text vum Traité um European Navigator
Europäesch UniounGeschicht, Struktur an Traitéen
1951 1957 1965 1986 1992 1997 2001 2007/2009
Europäesch Communautéiten (EG*) E U R O P Ä E S C H   U N I O U N   ( E U )
Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA resp. Montanunioun) (2002 ausgelaf -> EG)
Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) Europäesch Gemeinschaft (EG)
*EG: EGKS, EWG (EG zanter 1993), Euratom Justiz an Intérieur (JI) (ZJZ a Persouneverkéier –> EG)
Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS)
Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP)
Europäesch Atomgemeinschaft (EAG bzw. Euratom)
Traité vu
Paräis
Traité vu Roum Fusiounstraité Acte unique Traité vu
Maastricht
Traité vun
Amsterdam
Traité vun
Nice
Traité vu Lissabon

"DRÄI SAILEN" – EG (CECA, EWG / EG, Euratom), GASP, PJZS
Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.