Traité iwwer d'Funktionéiere vun der Europäescher Unioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Säit mat den Ënnerschrëften um EWG-Vertrag

Den Traité iwwer d'Fonctionnéiere vun der Europäescher Unioun, fréier offiziell Traité iwwer d'Grënne vun der Europäescher Communautéit a vereinfacht och EWG-Vertrag, EG-Vertrag oder Traité vu Roum genannt, ass nieft dem EAG-Vertrag ee vun de Réimeschen Traitéen. Ufanks housch en Traité iwwer d'Grënne vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) (EWG-Vertrag); duerch den Traité iwwer d'Europäesch Unioun ("Traité vu Maastricht") gouf en an "Traité iwwer d'Grënne vun der Europäescher Communautéit" ëmbenannt an duerch den Traité vun Amsterdam nei nummeréiert. Den Traité vu Lissabon huet em säin haitegen Numm ginn.

Duerch den EG-Vertrag gouf d'Europäesch Communautéit gegrënnt. E gehéiert zum Primäre Recht bannent dem Europäeschen Droit.

Grënnungsmembere vun der EWG

Den Traité gouf ursprénglech vu Vertrieder vun der Belsch, der Bundesrepublik Däitschland, vu Frankräich, Italien, Lëtzebuerg an Holland de 25. Mäerz 1957 zu Roum ënnerschriwwen an ass ufanks 1958, nodeem e ratifizéiert war, a Kraaft getrueden. E gëllt fir onbegrenzten Zäit.

Den EG-Vertrag, zesumme mam deemools och ënnerschriwwene Vertrag iwwer d'Grënne vun der Europäescher Atomgemeinschaft (EURATOM), gi Réimesch Traitéen (Méizuel) genannt. Mam Begrëff Réimeschen Traité (an der Eeenzuel) ass den EG-Vertrag gemengt.

Méi spéit sinn déi heite Staaten dem Vertrag bäigetrueden:

Den Traité vu Roum gouf ënnerschriwwe vum:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Europäesch UniounGeschicht, Struktur an Traitéen
1951 1957 1965 1986 1992 1997 2001 2007/2009
Europäesch Communautéiten (EG*) E U R O P Ä E S C H   U N I O U N   ( E U )
Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA resp. Montanunioun) (2002 ausgelaf -> EG)
Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) Europäesch Gemeinschaft (EG)
*EG: EGKS, EWG (EG zanter 1993), Euratom Justiz an Intérieur (JI) (ZJZ a Persouneverkéier –> EG)
Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS)
Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP)
Europäesch Atomgemeinschaft (EAG bzw. Euratom)
Traité vu
Paräis
Traité vu Roum Fusiounstraité Acte unique Traité vu
Maastricht
Traité vun
Amsterdam
Traité vun
Nice
Traité vu Lissabon

"DRÄI SAILEN" – EG (CECA, EWG / EG, Euratom), GASP, PJZS