Traité vu Campo-Formio

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mëtteleuropa no de Friddensaccorde vu Basel a Campo Formio

Den Traité (oder Friddensvertrag) vu Campo Formio ass en Traité, deen offiziell de 17. Oktober 1797 tëscht Frankräich, representéiert duerch de Generol Napoléon Bonaparte, an dem Hellege Réimesche Räich, vertrueden duerch de Grof vu Cobenzl, ënnerschriwwe gouf. D'"petite histoire" zielt eis, datt den Traité eigentlech zu Passariano, am Bonaparte sengem Haaptquartéier, ënnerschriwwe gouf, an zwar no Hallefnuecht, also eréischt den 18. Oktober.

Den Traité huet dem Éischte Koalitiounskrich, deen den 20. Abrëll 1792 vu Frankräich ugefaange gi war, en Enn gesat.

Haaptelementer waren, datt de Keeser géif op d'Éisträichesch Nidderlanden (wouzou deemools d'Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet) zu Gonschte vu Frankräich verzichten, an op der anerer Säit géif Meeschter ginn iwwer d'Gebidder vun der Republik Venedeg (dorënner Istrien, Dalmatien an d'Bucht vu Kotor). Dofir huet hien d'Onofhängegkeet vun der Cisalpinescher Republik unerkannt. Frankräich huet dierfen d'Lombardei an d'Ionesch Insele Korfu, Zakynthos a Kefalonia behalen.

An engem geheimen Zousazartikel huet de Keeser de Rhäin als Ostgrenz vu Frankräich unerkannt.

[änneren] Literatur

  • Albert Sorel, Bonaparte en Italie ; Paräis, Verlag Flammarion, 'Collection "Hier et aujourd'hui"', 1933.
  • Louis Madelin, L'ascension de Bonaparte ; Paräis, Verlag Hachette, 1937.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen