Traité vu Lëtzebuerg
Den Traité vu Lëtzebuerg (och Saarvertrag; fir richteg: Traité tëscht der Bundesrepublik Däitschland an der Franséischer Republik zu der Regelung vun der Saar-Fro) ass e Vertrag, mat deem Däitschland a Frankräich iwwerenee komm sinn, wéi d'Saarland schrëttweis politesch a wirtschaftlech Däitschland nees bäitriede sollt. En ass de 27. Oktober 1956 vun den Ausseministere vun deenen zwéi Staaten, dem Heinrich von Brentano an dem Christian Pineau zu Lëtzebuerg ënnerschriwwe ginn.
Et war zu deem Traité komm, nodeems d'Saarlänner am Referendum vum 23. Oktober 1955 mat däitlecher Majoritéit géint de Saarstatut gestëmmt haten, deen d'Saarland hätt sollen zu engem europäeschen Territoire maachen.
No deem Traité konnt d'Saarland den 1. Januar 1957 der Bundesrepublik Däitschland bäitrieden. Wirtschaftlech gouf eng Iwwergankszäit festgeluecht, déi spéitstens Enn 1959 eriwwer wier. Bis dohin gouf et weiderhinn eng Douanes- a Währungsunioun mat Frankräich, mam Franséische Frang als gesetzlech Währung. Weider gouf et Accorden iwwer den Ofbau an d'Liwwerung vu Kuelen no Frankräich.
Muselvertrag [änneren]
Nieft dem Saarvertrag hunn déi zwéin Ausseministeren en zweeten Traité ënnerschriwen, zesumme mam Lëtzebuerger Premier- an Ausseminister Joseph Bech, an deem den Ausbau vun der Musel als Schëffsstrooss fir grouss Penichen, tëscht Koblenz an Thionville, festgehale gouf. Dat war wichteg fir Frankräich, fir esou e besseren Zougank zu der Stolindustrie am Loutrengeschen ze kréien.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kanaliséierung vun der Musel ![]()
Um Spaweck [änneren]
- Vertrag zwischen der Bundesrepublik Deutschland und der Französischen Republik zur Regelung der Saarfrage vum 27. Oktober 1956 verfassungen.de
- Vertrag zwischen der Bundesrepublik Deutschland, der Französischen Republik und dem Großherzogtum Luxemburg über die Schiffbarmachung der Mosel PDF, 121 kB, transportrecht.org