Traité vu Prüm

Vu Wikipedia

Den Traité vu Prüm ass en Traité, deen d'Zësummenaarbecht tëscht de Policë vu Lëtzebuerg, der Belsch, vun Holland, Däitschland, Frankräich, Éisträich a Spuenien verstäerke soll. E gouf de 27. Mee 2005 zu Prüm vun de Justizministere vun deene Länner ënnerschriwwen.

Den Traité soll virun allem d'Zesummenaarbecht iwwer d'Grenzen ewech bei der Bekämpfung vum Terrorismus, der Kriminalitéit an der illegaler Migratioun verstäerken a verdéiwen. Sou kréien d'Policën aus deene Länner, déi den Traité ënnerschriwwen hunn, d'Méiglechkeet, direkten Zougank op d'DNA- a Fangerofdrocksdateie vun deenen anere Länner ze kréien. Och d'Dateie vun den Autos-Immatrikulatioune falen dorënner.

Weiderhi kënnen Informatiounen iwwer Leit, déi z. B. bei politesche Manifestatiounen oder Foussballmatcher duerch Gewaltdoten opgefall waren, preventiv ausgetosch ginn.

Fir illegal Migratioun besser ze bekämpfen ass virgesinn, datt sech Spezialisten iwwer Dokumenter austauschen a sech bei Réckféierunge géigesäiteg hëllefen.

Och d'direkt Zesummenaarbecht um Terrain, z. B. Patrouillë vu Polizisten aus 2 Länner oder d'géigesäiteg Hëllef bei Groussevenementer oder Katastrophen, soll konkreetiséiert ginn.

Den 12. Juni 2007 hunn d'EU-Justizministeren decidéiert, den Traité vu Prüm an d'EU-Recht eriwwerzehuelen, wat heescht, datt seng Dispositioune op all EU-Memberstaaten ausgebreet ginn. Zanter 2005 si bis ewell Finnland, Slowenien an Ungarn dem Ofkommes bäigetrueden, an déi heite Länner hunn erkläert, si hätte wëlles dat ze maachen: Italien, Portugal, Bulgarien, Rumänien, Schweden a Griicheland.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]