Traité vu Verdun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Opdeelung vum Territoire am Traité vu Verdun 843

Den Traité vu Verdun gouf 843 tëscht den dräi Enkele vum Karel dem Groussen ofgeschloss. D'Virverhandlungen dozou goufen an de Méint virdrun an der Basilika St. Kastor zu Koblenz vun 110 Gesandte vun deene betraffenen Herrscher gefouert. D'Resultat, vun deem selwer et keng schrëftlech Quell (méi) gëtt, war d'Deelung vun der Muecht am Fränkesche Räich (Karolingerräich) andeems dëst an dräi Territoirë gedeelt gouf:

  1. Westfranke gouf vum Charles II., "dem Plakapp", regéiert;
  2. Ostfranke gouf vum Ludwig II., "dem Däiutschen" regéiert;
  3. Lotharingien gouf vum Lothar I. regéiert; hie gouf doriwwer eraus Keeser.

Dës Deelung an dräi huet awer net laang bestanen. Schonn 855 gouf d'Mëttelräich Lotharingien opgedeelt (Prümer Deelung), duerno 870 am Traité vu Meerssen a schliisslech 880 am Traité vu Ribemont.

Zwar war d'Iddi vun dëser Deelung, datt d'Räich als Ganzt sollt preservéiert ginn, just d'Muecht bannent de Bridder vun enger Famill opgedeelt sinn; an der Praxis war et awer sou, datt déi Deeler vum Räich net méi op Dauer zesummekomm sinn.

Bei der Deelung huet all Partei Wäert drop geluecht, datt kee sollt bevir- oder benodeelegt ginn. Dofir gouf en Inventaire vum Räich opgestallt (d'Descriptio regni). An dofir gouf och d'Grenz net no geographeschen oder sproochleche Critère gezunn, mä sou, datt jiddweree räich a manner räich Géigende krut, zougank zum Mier, asw.

An de westfänkesche Räichsannalen, den Annales Bertiniani, heescht et:

De Charles ass mat senge Bridder zu Verdun zesummekomm. Hei krut de Ludwig, alles déisäit vum Rhäin, dobäi op dëser Säit d'Stied a Gae vu Speier, Worms a Mainz; de Lothaire d'Land tëscht dem Rhäin an der Schelde bis do wou s'an d'Mier leeft an dann d'Land ronderëm Cambrai, den Hainaut, dat Lomensescht, tëscht der Meuse an der Sambre, südlech dovun dat Castrisescht Gebitt, an d'Grofschafte lénks vun der Meuse bis duer wou d'Saône an de Rhône leeft, an da laanscht de Rhône bis bei d'Mier mat de Grofschaften op béide Säiten. Baussent dëse Grenzen huet e just Arras kritt, well säi Brudder Charel et gutt mat him gemengt huet. De Rescht bis Spuenien huet de Charel kritt. An nodeem se sech géigesäiteg Eeder geschwuer haten, si se nees vunenee fort gaangen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Brühl, Carlrichard: Deutschland - Frankreich. Die Geburt zweier Völker. Köln - Wien, 2. Auflage 1995, ISBN 3-412-08295-3; bes. Kap. 6, S. 353-410
  • Ehlers, Joachim: Die Entstehung des Deutschen Reiches. (Enzyklopädie Deutscher Geschichte 31), München, 2. Auflage 1998, ISBN 3-486-56364-5
  • Fried, Johannes: Die Formierung Europas 840-1046. (Oldenbourg Grundriß der Geschichte 6), München 3. Aufl. i.Vorb., ISBN 3-486-49703-0
  • Eduard Hlawitschka: Vom Frankenreich zur Formierung der europäischen Staaten- und Völkergemeinschaft 840-1046. Darmstadt 1986, ISBN 3-534-03566-6