Traité vun Oochen (1748)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Traité vun Oochen vun 1748 markéiert d'Enn vum Éisträicheschen Ierffollegkrich an deem Groussbritannien, Éisträich, an Holland an enger Koalitioun géint Frankräich, Preisen, Bayern, Spuenien, Sachsen, Schweden, Neapel, d'Kurpfalz a Kurköln gekämpft hunn.

De Friddenskongress an der fräier Räichsstad Oochen huet vum 24. Abrëll bis den 18. Oktober 1748 gedauert, wou dann de Fridde schlussendlech ënnerschriwwe gouf. Bei de Verhandlunge waren besonnesch d'Fransousen an d'Englänner vir bäi, hir Alliéiert hunn sech hinnen ugeschloss.

Inhalt [änneren]

Bilan [änneren]

Iwwert den Handelskrich tëscht England a Frankräich a Westindien, Afrika an an Indien gëtt kee Wuert verluer, sou datt dëse Vertrag scho keng Basis fir e Fridden op Dauer konnt bidden. D'Majoritéit vun de Fransousen war vum Traité och net wierklech begeeschtert, well hirer Meenung no zevill onnéideg Konzessioune gemaach goufen (virun allem d'Eruewerung vu praktesch ganz Holland duerch de Moritz vu Sachsen, Lännereien déi integral nees un Éisträich zeréckgaange sinn). Zu Paräis héiert een déizäit dacks den Aussproch "bête comme la paix".

Ëmmerhinn konnt den Traité vun Oochen awer eng gewësse Stabilitéit an Italien bréngen. D'Klausele vum Traité wat d'Lännereien an d'Grenzen an Italien betrëfft, bleiwe bis zu de Koalitiounskricher (1792) bestoen.

Kuckt och [änneren]