Traité vun de Pyrenäen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Traité vun de Pyrenäen ass e Friddenstraité (dofir och: Pyrenäe-Fridden), deen tëscht Spuenien a Frankräich de 7. November 1659 op der Fasaneninsel, am Floss Bidasoa, deen d'Grenz mécht, ënnerschriwwe gouf. Domat ass dem Franséisch-Spuenesche Krich , deen den Drëssegjärege Krich (1618-1648) souzesoën ëm eelef Joer verlängert hat,en Enn gemaach ginn.

Ëm wat goung et?[änneren | Quelltext änneren]

D'Pyrenäen ginn d'Grenz tëscht deenen 2 Länner. Dat war laang net de Fall, ë. a. wéinst dem Kinnekräich Navarra.

Frankräich hëlt sech de Roussillon an de Pyrénées-Orientales. Am Norden, an de Spueneschen Nidderlande, kritt Frankräich d'Grofschaft Artois (ausser Aire a Saint-Omer), d'flämesch Festunge vu Grevelingen a Saint-Venant, am Hainaut déi vun Avesnes, Landrecies a Le Quesnoy, an op Käschte vum Herzogtum Lëtzebuerg d'Uertschafte, respektiv Festunge vun Damvillers, Montmédy, Carignan (fréier Ivoix) an Diddenuewen.

Am Géigenzuch erreecht Spuenien, datt Frankräich ophält, Portugal virun z'ënnerstëtzen. De Charles IV. vu Loutrengen, de Spuenier hiren Alliéierten, kritt seng Lännereien zréck (bis op de Barrois).

Eng Klausel vum Traité ass d'Bestiednes vum Kinnek Louis XIV. mat der Infantin vu Spuenien, der Maria Theresia vun Éisträich, der eelsten Duechter vum Kinnek Felipe IV. an Niess vum Anne vun Éisträich. Si verzicht op all Usprech op d'spuenesch Kroun, a léisst sech dëse Verzicht mat enger Dott vu 500.000 Gold-écue verséissen, déi awer ni ausbezuelt goufen.

Auswierkungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Traité vun de Pyrenäen ass dee leschten diplomateschen Akt, dee vum Mazarin ausgeschafft gi war. De Louis XIV. profitéiert domat vun enger bemierkenswerter Stabilitéit an engem diplomatesche Virdeel. Frankräich gëtt zu enger europäescher Groussmuecht, an d'Bourbone gewannen d'Iwwerhand iwwer d'Habsburger.

Fir Lëtzebuerg war d'Folleg, datt déi Gebidder vum deemolegen Herzogtum, déi südlech vun der haiteger Grenz mat Frankräich louchen, wéi Rodemack, Carignan, Chauvency oder Avioth, definitiv ofgetruede goufen. Verschiddentlech gëtt dat als e Verloscht fir Lëtzebuerg duergestallt, mä et däerf ee spekuléieren, wat mat Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert geschitt wier, wann déi grouss Minettsvirkommen déi do waren (an am 17. Joerhonnert onbekannt waren), net zu Loutrengen, mä zu Lëtzebuerg gehéiert hätten: D'Noperen hätten et kaum als eegestännegt Land op der Landkaart si gelooss...

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]