Transborderbréck vu Bizerte

Vu Wikipedia

D'Transborderbréck vu Bizerte am tuneeseschen Hafe Bizerte war den éischten Transborder deen de Ferdinand Arnodin eleng realiséiert hat. D'Konstruktioun hat 1896 ugefaangen an am Juni 1898 gouf d'Bréck a Betrib geholl. Se hat eng Drowäit vun 109 Meter an den Tablier war 44 Meter iwwer dem Waasser. Spëtzt vun de Pilieren hat eng Héicht vu 60 Meter. Et war eng gemëscht Konstruktioun aus Hänk- a Schréiseelbréck.

D'Transbordergondel huet vun enger Säit op déi aner ronn 45 Sekonne gebraucht an d'Seelzich goufe vun enger Dampmaschinn ugedriwwen.

D'Transborderbréck vu Bizerte gouf 1903 wéinst militäresche Vergréisserungspläng vum Kanal deen an de Séi vu Bizerte féiert, ofgerappt, fir 1908 zu Brest an der Entrée vun der Penfeld nees opgeriicht ze ginn fir do d'Verbindung mam Arsenal ze maachen.

Geschichtechen Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

Bizerte dat um nërdlechste Punkt vun Afrika läit war um Enn vum 19. Joerhonnert zanter der Ouverture vum Suezkanal eng vun de wichtege Plazen um Schëffswee Gibraltar-Malta-Suez. Den 12. Mee 1881 hat de Bey vun Tunis mat Frankräich den Traité vum Bardo ënnerschriwwen, duerch deen Tunesien e franséischt Protektorat gouf. Gläich drop huet déi franséisch Marinn ugefaangen um Séi vu Bizerte Hafenanlagen an en Arsenal anzeriichten. D'Verbindung vum Séi mam Mier huet deemools aus engem besseren Oued bestanen deen net vu grousse Schëffer konnt benotzt ginn. 1891 gouf dofir decidéiert deen 150 km² grousse Séi iwwer e Kanal mat dem Mëttelmier ze verbannen. Fir den 2.400 Meter laange Kanal ze bauen, goufen 2 Millioune Meterkipp Gestengs a Buedem terrasséiert. En hat eng Breet vun 100 m a war bei niddregem Mier 9 m déif. Laanscht d'Säite waren 200 Metre Quaien ugeluecht. Bis 1998 hat Bizerte sech zum Haaptkär vun der franséischer Marinnestrategie um Mëttelmier entwéckelt. Duerch de grousse Schëffsverkéier huet d'Pont déi den Déngscht bis dohi gemaach huet, missen ofgeschaaft ginn, well se ze dacks huet d'Seeler misse fale loossen, wa Schëffer passéeiert sinn[1]. Sou koum et datt d'Pont duerch eng Transborderbréck ersat gouf. 1889 no der Fachodakris huet d'Marinn decidéiert e renge Krichshafen am Südweste vum Séi bei Sidi-Abdallah (haut Menzel Bourgiba) unzeleeën. Ausserdeem huet de Vebindungskanal net alle militäreschen Iwwerleeunge Rechnung gedroen, a well en net breet genuch war, waren d'Stréimungen déi bis zu 4,5 Kniet konnten erreechen ze grouss fir e séchere Schëffsverkéier. Sou gouf 1903 decidéiert de Kanal op eng Breet vun 200 m ze bréngen. Sou koum et datt den Transborder 1903 an dräi Méint Aarbecht nees ofgeriicht gouf an op Brest transportéiert gouf. Amplaz sinn dunn zwou Ponten hin an hier gefuer, bis schliisslech an den 1970er Joren eng Hiefklappbréck d'Bréck tëscht Bizerte a Zarzouna eng 300 Meter flossop vum fréieren Transborder gebaut gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • La France des Transbordeurs, Jacques Sigot (2005).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bizerte en son passé, son présent et son avenir vum Äerzherzog Louis-Salvador