Trauer

Vu Wikipedia
Traueraarbecht laanscht d'Strooss Mamer-Dippech no engem Accident am September 2009 mat engem Doudegen

Trauer ass e Gemittszoustand, deen an de meeschte Fäll op e Stierffall vun enger veréierter oder léiwer Persoun, engem Hausdéier, soss engem schwéiere Verloscht oder op d'Erënnerung un sou een Evenement zeréckzeféieren ass.

D'Trauer ass virun allem eng intrinsesch Ugeleeënheet, mä se gëtt duerch d'Emotiounen, déi a sou engem Fall héichkommen, vun de meeschte Mënschen och no baussen ausgedréckt, sief et duerch eng déif Néiergeschloenheet, en depressiivt Verhalen, duerch Kräischen[1] oder och duerch hysteresch Ausbréch.

D'Trauer gëtt dacks vu Scholdgefiller vis-à-vis vum Verstuerwene begleet, deels well ee mengt, sech Zäit hires Liewens net genuch ëm si gekëmmert ze hunn, oder hir Presenz net ëmmer sou gewierdegt ze hunn, wéi et eventuell ubruecht gewiescht wier. D'Gefill vun der Trauer trëtt bei jiddwerengem opgrond vu senger bannenzeger Astellung a sengem séilesche Kostüm ënnerschiddlech staark op an dauert deementspriechend och ënnerschiddlech laang.

Wa se net verschafft oder souzesoen ausgelieft gëtt, kann d'Trauer an de schlëmmste Fäll pathologesch Formen unhuelen a beispillsweis an d'Isolatioun oder an eng déif Depressioun féieren oder awer an engem autistesche Verhalensmuster endegen. D'Psychologie recommandéiert dofir eng sougenannt Traueraarbecht, déi jee no Method a betraffe Persoun an e puer Phasen ofleeft an hëllefe soll, d'Symptomer vun der Trauer opzeléisen.

Weltwäit gëtt et an de Kulture vun de verschiddenste Ethnien e sëllege joerhonnertenal Traditioune fir d'Trauer opzeschaffen. Déi meescht dovu maachen och Sënn a wierken, well si aus der Gefillswelt an der Liewensweis vun deene Vëlker entstane sinn an deem Rechnung droen.

Traueraarbecht ass eng aktiv Ugeleeënheet. Si weist sech an individuell verschiddene Formen a beschränkt sech beispillsweis no engem Stierffall oder engem déidlechen Accident net nëmmen op d'Versuerge vun engem Graf oder dem Opstelle vun enger Foto op enger Komoud.

Wat méi seelen erkannt gëtt, respektiv ganz dacks verdrängt gëtt, ass, datt d'Trauer sech a priori net onbedéngt nëmmen op de Verloscht vun engem léiwe Mënsch oder engem Hausdéier bezitt. Si kann och e méi egoistesch-narzisteschen Hannergrond hunn a sech dorop bezéien, datt de Mënsch am Trauer sech vum Verstuerwenen eleng oder souguer am Stach gelooss fillt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sigmund Freud: Trauer und Melancholie In: S. Freud: "Gesammelte Werke Zehnter Band Werke aus den Jahren 1913-1917", S. Fischer Verlag, 1946, Säiten 427-446
  • Alexander a Margarete Mitscherlich: Die Unfähigkeit zu trauern. Grundlagen kollektiven Verhaltens, 1967, R. Piper & Co. Verlag, München,

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Am Zesummenhank mam Kräische kenne mir Riedensaart vun de „Krokodilstréine kräischen“. Dat ass en zyneschen Ausdrock fir eng falsch a virgespillten Trauer z'ëmschreiwen