Travestie
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi schauspilleresch Travestie bezeechent d'Duerstellen vun enger Roll duerch Persounen vum anere Geschlecht. Et handelt sech heibäi em eng duerstellend Konscht.
Eng vun den Travestierollen ass déi sougenannte Boxeroll.
An der Antikitéit [änneren]
Am antike Griicheland goufen all Theaterrollen vu Männer gespillt. Un deene verschiddene Maske konnt een d'Geschlecht vun de Personnagen erkennen.
Am réimeschen Theater duerften och Frae matspillen, allerdéngs hunn si zu enger immens niddereger sozialer Schicht gehéiert, a goufen mat Prostituéierte gläich gestallt. Mä och de Schauspiller ass et deemools net besser ergaang, se goufen mat onéierenhaft entloossenen Zaldoten, Déiwen an Bedréier gläich gestallt. Aner Schauspiller goufen awer grouss geéiert.
Am Mëttelalter [änneren]
Déi fréi chrëschtlech Auteuren hunn an de Schauspiller eng Gefor gesinn, esou zum Beispill den Johannes Chrysostomos (349-407), dee géint Miminnen gaang ass: Se wieren eng Gefor fir dat braavt chrëschtlecht Liewen. Mä och soss stoungen d'Chrëschten dem Theater éischter skeptesch géigeniwwer. Den Theater huet sech bis an d'Mëttelalter eran op Passiounsspiller beschränkt.