Treasure Chest at the End of the Rainbow

Vu Wikipedia
Treasure Chest at the End of the Rainbow
Museksgenre Indie-Rock, Math-Rock, Emorock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2004
Trennung 2006
Websäit MySpace, Facebook
Memberen Claudio "Pi" Pianini (Gittar, Gesank)
Paul "Brit" Bradshaw (Gittar, Gesan, Bass)
Max Nilles (Batterie, Gesank)
Sacha Schmitz (Bass, Gesank)

Treasure Chest at the End of the Rainbow (kuerz TCATEOTR) war eng lëtzebuergesch Rockband.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp, där hiren Numm op Lëtzebuergesch mat "Schatzkëscht um Enn vum Reebou" iwwersat gëtt, gouf am Mee 2004 zu Esch-Uelzecht gegrënnt.[1],[2] De Claudio Pianini, de Paul Bradshaw an de Max Nilles ware schonn an der Grupp Actarus aktiv, déi sech 2004 opgeléist huet an aus där TCATEOTR a Mutiny on the Bounty ervirkomm sinn. 2005 hunn déi zwou Gruppen e Split opgeholl, deen a Kanada an den USA um Label New Romance for Kids Records an a Skandinavien bei Guided by Format verëffentlecht gouf. Am Rescht vun Europa ware si selwer fir d'Distributioun responsabel. Duerno si si zwou Wochen op Tournée duerch Kanada gaangen.[3]

2006 huet sech d'Band getrennt. D'Membere hunn a Mutiny on the Bounty a Miaow Miaow weider Musek gemaach. 2010 hunn de Claudio Pianini, de Paul Bradshaw an de Max Nilles d'Grupp Mount Stealth gegrënnt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. purevolume.com
  2. numberonemusic.com
  3. woxx.lu: Songs of Zarathustra vum Emile Hengen (26. August 2005)