Trester-Branntewäin

Vu Wikipedia
E feinen Trester vu Schwéidsbeng.

Trester-Branntewäin ass e staarkt alkoholescht Gedrénks dat aus Drauwemaisch, och Trester genannt, gebrannt gëtt.

Zu Lëtzebuerg sinn d'Nimm Trester a Marc gebräichlech. D'Gedrénks entsprécht der italieenescher Grappa, a Frankräich fënnt een en ënner dem Numm Marc, méi prezis Marc de Riesling, Marc de Gewürz oder och Marc de Champagne. Déi Däitsch drénken en als Tresterbrand.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trester-Branntewäin – Biller, Videoen oder Audiodateien