Triangulum (Stärebild)
| Date vum Stärebild Triangulum | |
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Dräieck |
| Laténgeschen Numm | Triangulum |
| Laténgesche Genitiv | Trianguli |
| Laténgesch Ofkierzung | Tri |
| Positioun | nërdlechen Himmel |
| Rektaszensioun | 1h 31m bis 2h 51m |
| Deklinatioun | +37° 20' bis +25h 35' |
| Fläch | 132 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 50° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Hierscht |
| Zuel vu Stären mat Gréisst < 3m |
1 |
| Hellste Stär, Gréisst |
β Trianguli, 3,00m |
| Meteorstréim | |
| Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Andromeda Pisces Aries Perseus |
D'Stärebild Triangulum (Dräieck) ass e Stärebild um nërdlechen Himmel.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
D'Dräieck ass en onschäinbaart Stärebild, dat sech aus dräi Stären zesummesetzt. Nëmmen ee Stär erreecht déi 3. Gréissteklass.
Den Triangulum läit tëschent der Andromeda an dem Aries (Widder).
Op der Südhallefkugel fënnt een d'Géigestéck vum Dräieck– d'Triangulum Australis (Südlecht Dräieck).
Geschicht [änneren]
Den Triangulm gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller aus der Antikitéit, déi schonns vum Ptolemäus beschriwwe goufen. Bei de Griichen heescht et Trigonon oder Deltoton.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | m | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| β | 4 | 3,00 | 124 | A5 III | |
| α | 222 | Metallah, Elmuthalleth, Mothallah, Caput Trianguli | 3,42 | 64 | F6 IV |
| γ | 9 | 4,03 | 118 | A1 Vnn | |
| δ | 8 | 4,84 | 35 | G0 V | |
| ι | 6 | 4,94m | 305 | F4 V | |
| 14 | 5,15 | 392 | K5 III | ||
| 7 | 5,25 | 293 | A0 V | ||
| 10 | 5,29 | 350 | A2 V | ||
| 12 | 5,29 | 155 | F0 III | ||
| R | 5,3 bis 12,6 | 1300 | M4 IIIe-M8e / A5 | ||
| 15 | 5,38 | 204 | M3 III | ||
| ε | 3 | 5,50 | 370 | A2 V | |
| 13 | 5,89 | ||||
| 5 | 6,24 | 480 |
De β Trianguli, den hellste Stär am Triangulum, ass en Duebelstär op enger Distanz vun 124 Liichtjoer. Den Haaptstär huet de véierfachen Duerchmiesser an déi 70fach Mass vun eiser Sonn. De Begleetstär huet ongeféier d'Gréisst vun eiser Sonn. Béid Stäre hunn en Ofstand vun 0,3 AE an ëmkreese sech an nëmmen 31,8 Deeg. Wéinst dem klenge Wénkelofstand kënne si net am Teleskop gesi ginn.
Den α Trianguli, den Zweethellsten, läit 64 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Stär, dee wäiss liicht. Et handelt sech och ëm een enken Duebelstär, deen net am Teleskop observéiert ka ginn. Den Haaptstär huet déi 1,5fach Mass an déi 13fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Den Ofstand vun de Stären ass nëmmen 0,04 AE, si ëmkreese sech an 1,74 Deeg
Den Numm Elmuthalleth ass arabesch a bedeit „Dräieck“. De laténgeschen Numm „Caput Trianguli“ heescht „Spëtzt vum Dräieck“.
Den γ Trianguli ass 118 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech a liicht a blo-wäisser Faarf, säin Duerchmiesser ass zweemol méi grouss wéi dee vun eiser Sonn. De Stär rotéiert an nëmmen 12 Stonnen ëm seng eegen Achs.
Duebelstären [änneren]
| System | m | Ofstand |
|---|---|---|
| ι | 5,2 / 7,0 | 3,6" |
| 15 | 5,4 / 6,8 | 143" |
Den ιTrianguli (an neie Stärekatalogen meeschtens nëmmen als 6 Tri bezeechent) ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 305 Liichtjoer. Déi zwee Stären, déi giel a wäiss liichten kann een schonns mat klengen Teleskopen gesinn.
De 15 Trianguli ass 150 Liichtjoer vun eis ewech an ass en Duebelstäresystem. Den Haaptstär ass en déifrouden Risestär mat der rarer Spektralklass M4. Säi Begleeder ass e wäisse Stär mat der Spektralklass A5. Déi zwee Stären stinn mat engem Ofstand vun 143 Bousekonnen ganz wäit auseneen.
Verännerlech Stären [änneren]
| Objet | m | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| R | 5,3 bis 12,6 | 266,9 Deeg | Mira-Stär |
Den R Trianguli ass e verännerleche Stär op enger Distanz vu ronn 1300 Liichtjoer. Et ass e Stär vum Typ Mira, dee seng Hellegkeet während enger Zäit vun 266,9 Deeg staark verännert. Während dem Hellegkeetsmaximum kann kann hie mat bloussem A gesi ginn, am Minimum brauch een awer schonns e besseren Teleskop.
Messier- an NGC-Objeten [änneren]
| Messier (M) | NGC | aner | m | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| 33 | 598 | 11 | Galaxis | Dräiecksniwwel, Triangulum-Galaxis | |
| 604 | Emissiounsniwwel | ||||
| 672 | Galaxis | ||||
| 925 | Galaxis | ||||
| IC 1727 | Galaxis | ||||
| 3C 48 | Quasar | ||||
| 595 | Gasniwwel |
Am Triangulum steet och den Dräieckniwwel (M33), hie läit ronn 2,3 Millioune Liichtjoer vun eis an ass no dem Andromedaniwwel déi zweetnoost grouss Galaxis. Den Dräiecksniwwel, den Andromedaniwwel an eis Mëllechstrooss bilde mat enger Rei vu klenge Begleetgalaxien déi Lokal Grupp. Den Dräiecksniwwel gouf am Joer 1764 vum franséischen Astronom Charles Messier entdeckt.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Triangulum – Biller, Videoen oder Audiodateien |