Triangulum Australe (Stärebild)
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Südlecht Dräieck |
| Laténgeschen Numm | Triangulum Australe |
| Laténgesche Genitiv | Trianguli Australis |
| Laténgesch Ofkierzung | TrA |
| Positioun | südlechen Himmel |
| Rektaszensioun | 14h 56m bis 17h 13m |
| Deklinatioun | -60° 20’ bis -70° 25’ |
| Fläch | 110 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 20° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
| Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
3 |
| Hellste Stär, Gréisst |
α Trianguli Australis (Atria), 1,91m |
| Meteorstréim | - |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Norma Circinus Apus Ara |
Dat Südlecht Dräieck, laténgesch Triangulum Australe ass e Stärebild vum Südhimmel.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
D'Stärebild setzt sech aus dräi hell Stären zesummen. Et ass méi opfälleg wéi säi nërdlecht Géigestéck, d'Triangulum.
Duerch dat südlecht Dräieck zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss. Heir fënnt een den opfällegen Oppene Stärekoup NGC 6025.
Vu Mëtteleuropa aus, ass d'Stärebild netz e gesinn.
Geschicht [änneren]
D'Stärebild gouf fir d'éischt vun den holläneschen Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser an Frederik de Houtman an de Joren 1695–97 vermooss. De Johannes Bayer huet d'Stärebild iwwerholl an a sengem Himmelsatlas Uranometria am Joer 1603 agedroen. Schonns 1589 fënnt een d'Stärebild um Himmelsglobus vum Petrus Plancius. Do steet et awer op der Kopp, an eréischt am Joer 1698 fënnt een d'Stärebild richteg gedréit um Globus erëm. Beschriwwe gouf déi Konstellatioun schonns 1500 vum spueneschen Navigator Mestre João, an den italieneschen Entdecker Amerigo Vespucci huet dat Dräieck am Joer 1502 op senger Rees beschriwwen, genee wéi och den Andreas Corsali (1512) huet et beschriwwen.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | m | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| α | Atria | 1,91 | 416 | K2 IIb-IIIa | |
| β | Betria | 2,83 | 40 | F2 III | |
| γ | Gatria | 2,87 | 183 | A1 V | |
| δ | 3,86 | 621 | G5 II | ||
| ε | 4,11 | 216 | K0 III | ||
| ζ | 4,90 | 39 | F9 V | ||
| LP | 5,10 | 626 | Ap | ||
| κ | 5,11 | 3000 | G6 VII | ||
| HR 6125 | 5,19 | 670 | K0 II/IIICN | ||
| ι | 5,28 | 132 | F4 IV | ||
| θ | 5,50 | 328 | G8 / K0 III | ||
| η | 5,89 |
Den hellste Stär, α Trianguli Australis, ass 416 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht orange an huet d'Spektralklass K2. Hien huet déi néngfach Mass an déi 2.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm „Atria“ ass eng Ofkierzung fir Alpha Trianguli Australe.
Den β Trianguli Australis, deen zweethellste Stär am südlechen Dräieck, gehéiert mat enger Distanz vun 40 Liichtjoer zu der enker Ëmgéigend vun eisr Sonn.
Verännerlech Stären [änneren]
| Stär | m | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| ι | 5,89 | kuerzperiodesch Verännerlechen | |
| R | 6,0 bis 6,8 | 3,4 Tage | Cepheid |
Den ι Trianguli Australis läit 132 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Et ass e verännerleche Stär vum Typ Gamma-Doradus.
Den R Trianguli Australis ass e pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ Cepheiden. Seng Hellegkeet verännert sech regelméisseg iwwert en Zäitraum vun 3,4 Deeg.
NGC-Objeten [änneren]
| Messier (M) | NGC | divers | m | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| 5844 | Planetareschen Niwwel | ||||
| 5979 | Planetareschen Niwwel | ||||
| 6025 | 5,1 | Oppene Stärekoup | |||
| 6156 | Galaxis | ||||
| IC 4584 | Galaxis | ||||
| IC 4585 | Galaxis | ||||
| IC 4595 | Galaxis |
Den NGC 6025 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vun 2.700 Liichtjoer. Hien huet ronn 60 Stären, déi méi hell wéi déi 7. Gréissteklass sinn.
Kuckt och [änneren]
| Commons: Triangulum Australe – Biller, Videoen oder Audiodateien |