Trifolion

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Trifolion

Trifolion ass den Numm vun engem Kultur- a Kongresszentrum zu Iechternach. Mam ganzen Numm Trifolion - Centre Culturel, Touristique et de Congrès, gouf en de 24. Abrëll 2008 ageweit. Den Numm "Trifolion" - Kléiblat - ass e Bezuch op déi dräi Aspekter vun Aktivitéiten, déi d'Gebai ofdeckt.

Dran ënnerbruecht sinn e Concertssall, "Atrium" genannt, mat 530 bis 700 Plazen, en zweete Sall ("Agora"), op der Galerie ronderëm, fir 300 Leit, souwéi 5 aner, méi klenge Säll, déi fir verschidden Zwecker gebraucht kënne ginn.[1]

D'Iechternacher Musekschoul an d'Harmonie municipale d'Echternach hunn do hire Sëtz. Bis 2013 huet sech do och den European Union Baroque Orchestra néiergelooss.[2]

Den Trifolion-Projet ass am Februar 1997 provisoresch vum Gemengerot gestëmmt ginn, mat engem deemools op 540 Millioune LUF (13,38 Mio Euro) geschate Käschtepunkt. Den definitive Vote vum Projet war den 8. Juni 1998. De Bau sollt 5 Joer méi spéit fäerdeg sinn. Aus enger Rei vun techneschen a finanziellen Ursaachen hunn d'Aarbechte sech awer bis 2008 higezunn. Déi laang Bauzäit, kombinéiert mat ursprénglech net virgesinnen Ännerungen an Imprévuen, huet de Präis bis op 34,6 Milliounen Euro eropgedriwwen. [3]

Um Spaweck[änneren]

Referenzen[änneren]