Triichter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Triichter ass e Geschir a konescher Form, dat bannenan huel ass an am spatzen Deel an e Rouer, den Hals, iwwergeet.
En déngt derzou, Flëssegkeeten, Pudder oder reng fest Matièren ouni ze sabbelen an e Behälter ze schëdden, deen eng kleng Ëffnung huet (z. B. eng Fläsch).
Den Hals huet normalerweis baussen, de laange Wee eng Rill, fir datt déi Loft déi beim Fëllen zevill ass, aus dem Behälter dee gefëllt gëtt, kann erauskommen.
Den Triichter an der populärer Kultur [änneren]
A Karikaturen oder Filmer symboliséiert en Triichter, dee vu Leit op der Kopp um Kapp gedroe gëtt, d'Geckegkeet.