Triny Peller

Vu Wikipedia

D'Triny Peller, gebuer Triny Bichler zu Lëtzebuerg a gestuerwen den 22. Dezember 2011 zu Mission Viejo, Kalifornien war eng lëtzebuergesch Zauberkëntschlerin. 1947 huet si den Albert Peller vu Pittsburgh bestuet. Si hate sech zu Heidelberg kennegeléiert, wou den Albert als Zaldot stationéiert war.

Si hu bei Los Angeles gelieft a waren an der Zauberszen aktiv. 1963 huet si de Chavez Course in Magic gemaach. Mat der Hëllef vum Channing Pollock hu si an hire Mann eng Büneshow opgebaut mat där si fir Joren opgetruede sinn.

Den Albert an Triny Peller waren aktiv a verschiddenen Zauberveräiner (zum Beispill S.A.M. an I.B.M.) an hu reegelméisseg Zauberkonferenze besicht, wéi den Desert Seminar zu Las Vegas. Si ware gutt Frënn vu berüümten Zauberer wéi Siegfried a Roy an Harry Blackstone.

Den Albert Peller ass 1989 gestuerwen an d'Triny huet seng Ierfschaft op verschidden Aart a Weis der Zauberei zoukommen gelooss. Si war dacks am Magic Castle zu Los Angeles an huet den Albert Peller Theater do finanzéiert. Si huet och en Albert Peller Hospital Fund an d'Liewen geruff, deen aarmen Zauberer soll ënner d'Äerm gräife wa se krank an al ginn.[Source?] Dem Albert seng Kollektioun un Zauberliteratur ass eng Bibliothéik ginn. D'Triny war bekannt fir hir Ënnerstëtzung vun der Zauberei a ganz Südkalifornien.

Si huet hir lescht Joren an engem Altersheem zu Mission Viejo verbruecht, wou si verscheet ass.

Referenz[änneren | Quelltext änneren]

  • The Linking Ring February 1996 Volume 76 Number 2.