Triturus cristatus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Triturus cristatus
E Männche vum Kammmolch, e faarweprächtegt Exemplar
E Männche vum Kammmolch, e faarweprächtegt Exemplar
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Amphibien
Uerdnung: Schwanzlurchen (Caudata)
Famill: Echt Salamanderen (Salamandridae)
Gattung: Triturus
Aart: Triturus cristatus
Wëssenschaftlechen Numm
Triturus cristatus
(Laurenti, 1768)
E weibleche Kammmolch vun ënnen. D'Weibchen ass un der relativ klenger an heller Kloak an un der oranger Ënnersäit vum Schwanz z'erkennen.

Den nërdleche Kammmolch (Triturus cristatus), ass eng Aart vun de Schwanzlurchen (Caudata) aus der Famill vun de Salamandridae (Echt Salamanderen a Molchen).

Säin Numm krut e wéinst deem opfalende Kamp dee besonnesch d'Männercher während der Paarungszäit am Fréijoer um Réck an um Schwanz droen.

Al lëtzebuergesch Nimm déi net méi am Gebrauch sinn: Grouss Waasserederes, Grouss Waassereps.[1]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Kammmolch ass, am Verglach zu anere Molchaarten, e relativ grousse Molch. D'Männercher hunn eng Gréisst vun 10–18 cm, d'Weibercher vun 11–20 cm. De Réck ass gro bis schwaarz, mat donkele Punkten oder Flecken. D'Haut ass liicht käreg. De Bauch ass giel oder orange mat schwaarze Flecken. D'Säite vum Kierper sinn hell granuléiert.

Am Fréijoer, während der Paarungszäit, droen d'Männercher en opfalenden, gezackte Kamp dee vum Réck bis iwwer de Schwanz geet, deen awer um Usaz vum Schwanz ënnerbrach ass. Ausserdeem hunn d'Männercher och nach eng pärelwäiss bis sëlwereg Sträif op de Säite vum Schwanz an eng méi entwéckelt schwaarz Kloak.

Bei de Weibercher ass de Kamp um Schwanz nëmme schwaach entwéckelt. Bei hinne leeft déi orange Farf um Bauch bis ënner de Schwanz weider.

Nodeem de Kammmolch d'Waasser am Laf vum Summer verlooss huet, gëtt bei béide Geschlechter de Kamp zréckgebilt.

Reproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Nom Wanter, sou bal et net méi fréiert, zéien d'Kammmolchen nuets aus hiere Wanterquartéieren an d'Weieren an d'Dëmpele fir ze läichen. Subadult Exemplaren iwwerwanteren och emol um Fong vum Waasser. A Mëtteleuropa konzentréiert sech d'Läichzäit op den Abrëll an de Mee. Beim Läichspill leet de Männchen e Pak mat Som (Spermatophor) of, deen d'Weibche mat senger Kloak ophëlt. Duerno leet d'Weibchen seng Eeër, meeschtens 200-300 Stéck, am Waasser op Blieder of, déi et virdrun zu enger Zort vun Tute gefaalt huet. D'Entwécklung vun den Embryonen dauert am Duerchschnëtt zirka 15 Deeg. D'Larve brauchen zirka véier Méint bis s'am Waasser zu enger Längt vun 8 cm erugewuess sinn.

De Kammmolch brauch zwee bis dräi Joer bis e geschlechtsräif gëtt a sech reproduzéiere kann.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Verbreedung vum Kammmolch

Den Nërdleche Kammmolch ass vu Westfrankräich an de Briteschen Insele iwwer ganz Mëtteleuropa a Südskandinavien bis am Weste vu Russland verbreet.

De Kammmolch zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Vun deene véier Molchaarten déi et zu Lëtzebuerg gëtt[2] ass de Kammmolch dee seelensten. Et gëtt en haaptsächlech am Guttland, am Éislek ass e ganz seelen.[3]

Zu Lëtzebuerg reproduzéiert e sech virun allem an oppene, sonnegen Wisendëmpelen, manner heefeg a méi grousse Weieren[3]. Am Süde vum Land hält e sech gär a Stëllgewässer op, déi no der Exploitatioun vun der Minett entstane sinn.

No 1950 hunn d'Populatioune vum Kammmolch zu Lëtzebuerg staark ofgeholl, wat virun allem op d'Verschwanne vu senge Reproduktiounsgewässer zréckzeféieren ass.[3] Vun zirka 2000 u goufen doropshin nei Dëmpelen, virun allem a Wisen, ugeluecht, fir dem Kammmolch (an och aneren Aarten déi op sou Biotoper ugewise sinn) nei Liewensraim ze bidden.[3]

2013 huet z. B. den Ëmweltsyndikat Sicona op e puer Plazen an der Gemeng Monnerech nei Dëmpelen ugeluecht, fir virun allem dem Kammmolch nei Liewensraim z'offréieren.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Klees, H., 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 2. Oplo. Dréckerei Pierre Linden, Lëtzebuerg.
  • (pm), 2013. Rettet den Kammmolch! Gemeinde Monnerich investiert in Weiher- und Feuchtgebiete. Luxemburger Wort vum 17. Mee 2013, S. 26.
  • Proess, R. (éd.), 2003. Verbreitungsatlas der Amphibien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia 37: 1-85. Gerend, R.: Triturus cristatus (Laurenti, 1768): S. 34-39.

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. H. Klees, 1981.
  2. Proess, R., 2003. Déi dräi aner Aarte sinn den T. alpestris (Biergmolch), T. helveticus (Fuedemmolch), an de Lissotriton vulgaris (de: Teichmolch)
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 Gerend, R., 2013. In: Proess, R. (éd.), 2013.
  4. Luxemburger Wort vum 17. Mee 2013, S. 26.