Trix

Vu Wikipedia
TRIX Modelleisenbahn GmbH & Co. KG
Typ GmbH
Grënnungsdatum 1838
Sëtz Nürnberg, Däitschland
Branche Modelleisebunnen
Homepage www.trix.de
Damplokomotiv BR 64 mat Waggon vu Trix (N)

D'TRIX Modelleisenbahn GmbH & Co. KG ass eng däitsch Entreprise, déi haaptsächlech als traditiounsräichen Hiersteller vu Modelleisebunnen an de Spueren H0 an N bekannt ass. Si huet awer fréier och aner Produiten produzéiert, wéi z. B. Blechspillgezei, Morseapparater, Radioempfänger a Slot-Car-Bunnen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ursprong vun Trix läit an der 1838 gegrënnter Entreprise J. Haffner, engem Produzent vu Metallpillgezei. No enger Fusioun 1925 huet d'Firma den Numm Vereinigte Spielwarenfabriken Andreas Förtner und J.Haffner's Nachf. KG ugeholl.

1931 daucht den Numm TRIX fir d'éischt Kéier op, an de sougenannten „Trix Modellbaukästen“, déi d'Firma als Konkurrenz zum bekannte Meccano-System produzéiert huet.

Schonn 1928 huet d'Entreprise mam Stephan Bing zesummegeschafft, dee vill Erfarung an der Produktioun vu Modelleisebunnen hat. 1932 ass den Numm vun der Firma TRIX Modelleisebahn GmbH ginn, a 1935 ass déi éischt „Trix Express“-Modelleisebunn verkaf ginn. Dës waren Auerwierks-Eisebunnen, mat enger Spuerbreet vu 16mm (Spuer 00).

1964 goufen déi éischt motoriséiert (Gläichstroum-) Modelleisebunne verkaf, déi an am neie Moossstaf 1:160 (Spuer N) hiergestallt a „Minitrix Electric“ genannt goufen. Zanterhier goufen och Modeller an der mëttlerweil weltbekannten H0-Spuerbreet verkaf, déi sougenannt „Trix International“-Serie.

1982 huet Trix och en Digital-System agefouert, dee „Selectrix“ genannt gouf.

Zanter 1990 ass et Trix wirtschaftlech ëmmer méi schlecht gaangen, a 1997 huet de Konkurrent Märklin d'Entreprise opkaf. Trix huet dunn déi komplett Gläichstroum-Produktioun vu Märklin iwwerholl, an zanterhier beschäftegt sech Märklin nëmmen nach mat der Produktioun vu Wiesselstroum-Produiten. Den Numm vum „Trix International“-Sortiment ass zanterhier einfach nëmmen nach „Trix H0“.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trix – Biller, Videoen oder Audiodateien