Trixi Worrack

Vu Wikipedia
D'Trixi Worrack (136) an der Flèche wallonne fir Dammen 2010 an der Côte de Ben-Ahin.

D'Beatrix "Trixi" Worrack gebuer den 28. September 1981 zu Cottbus, ass eng däitsch professionell Vëlossportlerin. Si ass fir den Ament bei der Ekipp Nürnberger ënner Kontrakt.

D'Trixi Worrak huet mat 14. Joer ugefaange Vëlossport ze maachen. Si war fënnefmol däitsch Landesmeeschterin bei de Junioren, an op de Juniorweltmeeschterschafte konnt si dräimol eng Medail mat Heem huelen, dovun eng Gold-, eng Sëlwer-, an eng Bronzemedail. No der Juniorszäit ass si dräi Joer am Bundesliga-Team Red Bull gefuer, an ass vun 2003 un, bei der Ekipp Nürnberger.

Mat hire Succèsen an Etappecourssen, a Coursse vun engem Dag, bei den däitsche Landesmeeschterschaften an op de Weltmeeschterschaften, gehéiert si zu de beschte Vëlossportlerinnen an Däitschland.

2008 war si um Depart bei den Olympesche Spiller zu Peking.

Si wunnt zu Dissen am Spreewald.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

2012
2. an der däitscher Meeschterschaft am Cyclo-Cross zu Kleinmachnow
3. am Omloop Het Nieuwsblad (119,4 km)
2010

1. am Generalklassement vum Tour de Feminin - Krásná Lípa

2009
1. an der 8. Etapp vum Giro d'Italia
Deutsche Meisterin däitsch Stroossemeeschterin am CLM
2. am Tour of Greater Montreal
3. am Weltcup Montreal
2. am Generalklassement vum Tour de l'Aude
1. an der 6. Etappe Tour de l'Aude
3. an der 7. Etapp Tour de l'Aude
3. am Weltcup Bern
2008
däitsch Meeschterin am Biergfueren[1]
2006
2. an der Stroosseweltmeeschterschaft 2006
2005
1. am LuK Challenge (zesumme mat der Judith Arndt)
2. am Generalklassement vum Tour de l'Aude
1. bei Milano-Sanremo
2004
1. am Generalklassement vum Giro della Toscana
1. am Generalklassement vum Tour de l'Aude
4. bei der Stroosseweltmeeschterschaft
2003
Deutsche Meisterin däitsch Stroossemeeschterin
2002
Europameeschterin U23 op der Strooss
1. am Generalklassement vum Tour de Drôme
2001
1. am Generalklassement beim Tour vu Mallorca
3. an der Flèche wallonne
2000
3. bei der UCI-Stroosseweltmeeschterschaft am Eenzel (CLM)
1999
2. bei der UCI-Stroosseweltmeeschterschaft fir Junioren op der Strooss.
3. bei der UCI-Stroosseweltmeeschterschaft fir Junioren am Eenzel (CLM)
1998
1 bei der UCI-Stroosseweltmeeschterschaft fir Junioren am Eenzel (CLM)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. rad-net.de: Trixi Worrack gewinnt Deutsche Bergmeisterschaft gekuckt den 1. Juni 2008