Trojaner (Astronomie)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat den Asteroidegruppen, déi 'Trojaner' genannt ginn. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Trojaner. |
D'Trojaner sinn Asteroidegruppen, déi e Planéit op hirer Bunn ëm d'Sonn als Koorbitalen Objet mat engem mëttleren Ofstand vu 60° virdrun oder hannert him begleeden.
D'Nimm vun den Trojaner, déi bis elo fonnt goufen, sinn no de Persounen aus dem Homer senger Ilias genannt: d'Asteroiden, déi virum Jupiter lafen, si mat Ausnam vum Hektor no de griicheschen an déi, déi hannendru sinn, no den trojaneschen Helde genannt.
Inhaltsverzeechnes |
Positioun [änneren]
D'Trojaner kreesen ëm d'Libratiouns- oder Lagrange-Punkten L4 an L5. Dat sinn d'Gläichgewiichtspunkten a stellen ee spezielle Fall am soss nëmmen schwéier léisbaren Dräikierperproblem duer. D'System Sonn – Jupiter – Trojaner mécht fir jiddweree vun dëse Klengkierper e stabilt Dräikierpersystem. Bis elo sinn an L4 an an L5 3035 an op L5 1734 Trojaner bekannt (Stand: 30. Dezember 2010), déi total Zuel gëtt op e puer Dausend geschat. Den éischten Trojaner, (588) Achilles, gouf am Joer 1906 vum Max Wolf entdeckt. Dee gréissten Trojaner ass wahrscheinlech den (624) Hektor, deen am Joer 1907 entdeckt gouf. Et ass en onregelméisseg geformten Asteroid mat enger Gréisst vun 370 × 195 km. (kuckt och Lëscht vun den Asteroiden).
Donkel Kierper - vu wäit dobaussen? [änneren]
De Planéit Jupiter huet duerch seng riseg Mass en enormen Afloss op dat baussescht Sonnesystem a mécht e Koup Onstabilitéiten un den Asteroiden an op hire Bunnen. Vill Astronome mengen dofir, datt och am Beräich vun de Trojaner e stännege luese Wiessel am Gaang ass.
Hir onerwaart grouss Zuel (1960 waren der eréischt 20 bekannt) gëtt duerch géigesäiteg Kollisiounen erkläert. Well si mat Albedoen ëm 0,04 ähnlech donkel oder donkelrout si wéi d'Asteroide vum baussenzege Sonnesystem, stamen der méiglecherweis vill vun do (Transneptunen). Vereenzelt kéinte sech Trojaner nees duerch Bunnstéierungen oder Stéiss vun de Libratiounspunkte léisen an a Richtung Marsbunn ofdriften.
Trojaner vun aner Planéiten [änneren]
Mars-Trojaner [änneren]
Am Joer 1990 gouf och am Libratiounspunkt L5 vum Mars e Mars-Trojaner entdeckt, deen Eureka gedeeft gouf. An der Tëschenzäit sinn dräi weider Mars-Trojaner entdeckt ginn, dovun een am L4-Punkt, an 2007 gouf den 2007 NS2 entdeckt.
Neptun-Trojaner [änneren]
Enn 2001 gouf och en Trojaner 60° vum Neptun fonnt. Mat dem 4-m-Spigelteleskop um Cerro Tololo opgeholl, krut den 230 km-Kierper d'Asteroiden-Nummer 2001 QR322, war awer eréischt no engem Joer „geséchert“. Hien ëmkreest d'Sonn – genee wéi den Neptun – an 166 Äerdejoren. Mëttlerweil sinn dräi weider Neptun-Trojaner (2004 UP10, 2005 TN53, 2005 TO74, 2006 RJ103, 2007 VL305 an 2008 LC18). Déi fënnef éischttgenannten sinn all op L4. Ufanks gouf dat och vum 2008 LC18 ugeholl.
Den 12. August 2010 huet d'Department of Terrestrial Magnetism (DTM) vun der Carnegie Institution of Washington zu Washington D. C. bekannt ginn, datt sech 2008 LC18 op der Langrange-Positioun L5 beweegt. Et ass deen éischten nachogewisene Neptun-Trojaner op dëser Positioun.[1]
De 24. August 2014 soll d'Raumsond New Horizons de Lagrangepunkt L5 vun der Neptunbunn kräizen. Do hofft een op weider Trojaner.
Äerd-Trojaner a -Begleeder [änneren]
Bei der Äerd ass nëmmen een Trojaner bekannt, am Juli 2011 gouf den Asteroid 2010 TK7 als Trojaner identifizéiert. E weideren Asteroid, den 2002 AA29, pendelt tëschent de Lagrange-Punkten L4 an L5 hin- an hir. No der Genesis vum Äerdmound beschriwwener Kollisionstheorie hat sech am L4-Punkt vun der Äerdbunn e Planéit (Theia) entwéckelt, deen duerch eng nofolgend Kollisioun mat der Äerd fir d'Gebuert vum Mound verantwortlech war.
Kuckt och [änneren]
Literatur [änneren]
- Sternenbote: Jahrgang 45/12, Seite 222-234: Die Asteroiden - Dramatik und Schutt im Planetensystem: Gottfried Gerstbach: Artikel auf der Seite des Autors als PDF abrufbar: http://www.g.gerstbach.at/papers/Asteroid1202gg.pdf
Um Spaweck [änneren]
- (de) Erster Neptun-Trojaner
- (en) Lëscht vun de Jupiter-Trojaner
- (en) Lëscht vun de Neptun-Trojaner
- (de) Christian Pinter: Die Trojaner des Weltalls Wiener Zeitung, 28. Dezember 2007
- (de) www.wissenschaft.de: Asteroiden mit Identitätsproblemen - En (Duebeel-) Trojaner vum Jupiter ass wahrscheinlech e Koméit.
| Commons: Jupiter Trojans – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ Trojan Asteroid Found in Neptune's Trailing Gravitational Stability Zone. Pressmatdeelung vun der Carnegie Institution of Washington, Washington D. C., vum 12. Abrëll 2010. Ofgeruff 28. November 2010.